Op den Inhalt sprangen

Léon Roger

Vu Wikipedia
Léon Roger
Gebuer 20. Oktober 1920
Veianen
Gestuerwen 19. November 1944
Veianen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Resistenzler

De Léon (oder Leo) Roger, gebuer de 20. Oktober 1920 zu Veianen, an och do den 19. November 1944 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Resistenzler[1].

Wéi hien am September 1941 an de Reicharbeitsdienst aberuff gouf, ass hien, zesumme mat zwéin anere Veianer, dem Josy Kremer an dem Louis Peters, iwwer d'Demarkatiounslinn op Lyon gaangen.[2] Do koumen si, wéi och aner Lëtzebuerger, an der Congrégation des Soeurs St. Charles ënner, a si hunn do Gaardenaarbecht gemaach an nom Véi gekuckt. Nodeems Däitschland am November 1942 och d'Zone Libre besat hat, ass de Léon Roger zesumme mat engem aneren den 12. Mäerz 1943 an d'Schwäiz geflücht. Do si si noeneen an enger hallwer Dose Lager ënnerkomm, zulescht zu Les Verrières bei Neufchâteau. Nodeems en am Radio vun der Befreiung vu Lëtzebuerg héieren hat, ass hien am Oktober 1944 op Veianen zeréckgaangen, fir sech do der Miliz unzeschléissen. Hie war keng 3 Wochen zeréck, do ass en ënner de Kugele vun der SS gestuerwen, wéi déi den 19. November 1944 zu 200 Mann héich Veiane gestiermt hunn.

Fir un hien z'erënneren, gouf zu Veianen déi Gässel, wou en déidlech verwonnt gouf, Impasse Léon-Roger[3] genannt.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Fiche Leo Roger op ons-jongen-a-meedercher.lu (nogekuckt 07.10.2024).
  2. Quell, wou net anescht uginn: Zur «Journée des Maquisards» in Vianden: Refraktär, Seserteure und Partisanen." In: Revue, 24. Jg., nº 23 (08.06.1968), p. 24. [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. L-9410