Op den Inhalt sprangen

Lëscht vun de räichste Leit op der Welt

Vu Wikipedia

D'Lëscht The World's Billionaires ass eng Zesummestellung, déi zanter 1987 all Joer vum US-amerikanesche Wirtschaftsmagazin Forbes publizéiert gëtt an déi weltwäit all Persoune begräift, déi e geschatent Verméige vu méi wéi enger Milliard US-Dollar hunn. Diktatoren a Membere vu Kinnekshaiser sinn op dëser Lëscht net enthalen.

Tëscht 1996 an 2006 ass, no Forbes, d'Zuel vun de Milliardäre weltwäit vu 423 op 946 geklommen. Mat enger Ausnam (1997) gouf dës Lëscht vum Bill Gates, engem vun de Matgrënner vun der amerikanescher Software-Entreprise Microsoft, ugeféiert. Och wa säi Verméigen zanter 2004 staark zeréckgaangen ass, verfüügt hien haut nach iwwer e Verméige vu ronn 83 Milliarden Dollar .

Déi meescht Milliardären (277) sinn opgrond vun dëser Lëscht US-Amerikaner, gefollegt vun Däitschen. Den Inder Lakshmi Mittal, Boss vun der Mittal Steel Company, zu där elo och déi fréier Arcelor gehéiert, figuréiert mat 32 Mrd. US$ op der fënnefter Plaz.

Déi 25 Éischt am Joer 2007

[änneren | Quelltext änneren]
RangNummVerméigen a Milliarden US-DollarQuell vum VerméigenLand
1Bill Gates56,0MicrosoftUSA
2Warren Buffett52,0Berkshire HathawayUSA
3Carlos Slim Helú49,0Telmex ë. a.Mexiko
4Ingvar Kamprad33,0IkeaSchweden
5Lakshmi Mittal32,0Mittal Steel CompanyIndien
6Sheldon Adelson26,5Las Vegas SandsUSA
7Bernard Arnault26,0Moët Hennessy Louis Vuitton S. A.Frankräich
8Amancio Ortega24,0ZaraSpuenien
9Li Ka-shing23,0Cheung KongHongkong (China)
10David Thomson22,0The Thomson CorporationKanada
11Larry Ellison21,5OracleUSA
12Liliane Bettencourt20,7L'OréalFrankräich
13Al-Walid ibn Talal Al Saud20,3InvestmentsSaudi-Arabien
14Mukesh Ambani20,1Reliance IndustriesIndien
15Karl Albrecht20,0Aldi SüdDäitschland
16Roman Arkadjewitsch Abramowitsch18,7Gazprom NeftRussland
17Stefan Persson18,4Hennes & MauritzSchweden
18Anil Ambani18,2Reliance IndustriesIndien
19Paul Allen18,0MicrosoftUSA
20Theo Albrecht17,5Aldi NordDäitschland
21Azim Premji17,1Wipro TechnologiesIndien
22Lee Shau Kee17,0Henderson Land DevelopmentHongkong (China)
23Jim Walton16,8Wal-MartUSA
24Christy Walton16,7Wal-MartUSA
25S. Robson Walton16,7Wal-MartUSA