Lëtzebuergesch Luftwaffenhelfer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flakstellung zu Esch-Uelzecht virun der Schmelz Terres-Rouges

Als Luftwaffenhelfer sinn d'Studenten aus de Lëtzebuerger Kolléije bezeechent ginn, déi zwangsméisseg am Zweete Weltkrich, nieft der Schoulzäit, zesumme mat däitschen Zaldoten, hiren Déngscht bei der Flak hu misse maachen. Opgrond vun Uweisungen vu Berlin huet am August 1943 de Gauleiter Gustav Simon den Uerder ginn, datt déi 15-17järeg Schüler aus de Lëtzebuerger Kolléijen a Lycéeën als Luftwaffenhelfer Krichsdéngscht zu Lëtzebuerg bei der Flak misste maachen. Doduerch sollten däitsch Zaldoten entlaascht ginn a fir aner Aufgabe bereetgestallt kënne ginn.

Moies Schoul, nomëttes Déngscht bei de Kanounen[änneren | Quelltext änneren]

No hirer Musterung goufe si am Januar 1944 agezunn a koumen an de Süden op Esch-Uelzecht, Schëffleng, Lalleng an Déifferdeng. Hiren Dagespensum war sou geregelt, datt si moies an den Escher Lycée an d'Schoul gaange sinn a mëttes fir den Déngscht bei den agebunkerte Kanounen a Scheinwerfer rugezu goufen. Deelweis goufen och Professeren aus de verschiddene Kolléijen zu dësem Zweck op Esch versat. D'Kanounen an d'Scheiwerfer stoungen um Terrain vun de Schmelzen, a ware geduecht fir si géint Fliger bei engem Déifugrëff ze protégéieren. Dës liicht Flak huet bestanen aus:

  • 3,7 cm schwedesche Bofors-Kanounen, déi den däitschen Truppen an de Schluechte géint déi Alliéiert an d'Hänn gefall waren, an och aus
  • 2 cm Kanounen vun däitscher Fabrikatioun

Een Ofschoss, en däitsche Messerschmitt-Jeeër[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerger Luftwaffenhelfer beim Riichte vun der 3,7cm-Flak
Op Wuecht bei de Kanounen

Ausser de Schéissübunge gouf allerdéngs net dacks schaarf geschoss. Well et sech ëm liicht- a mëttelkalibreg Kanoune gehandelt huet, war hire wierksame Krees limitéiert. Déi alliéiert Bomberverbänn, déi an 10.000-12.000 m Héicht d'Land iwwerflunn hunn, fir däitsch Stied unzegräifen, blouwen onbehellegt.
Dat war awer net ëmmer de Fall. Et koum nämlech eng Kéier während enger Alerte vir, datt en däitsche Messerschmitt-Jeeër am Loftraum war, ouni gemellt ze sinn. Wéi hien am Déiffluch op d'Flakstellungen zougeflunn ass, gouf ugeholl, et wier en Ugrëff vun engem alliéierte Fliger an all Kanounen hu geballert. De Messerschmitt-Fliger gouf getraff an huet missen an de Wisen nobäi noutlanden. Fir all Lëtzebuerger Luftwaffenhelfer war dat e Grond zu enger grousser Freed. Si konnte se awer natierlech net weisen.

Net all Lëtzebuerger Luftwaffenhelfer si bis zur Liberatioun zu Lëtzebuerg bei der Flak bleiwen. Eng Partie vun hinnen, vun de Joergäng 1926 an 1927, goufen am Summer 1944 nach a leschter Minutt an d'Wehrmacht agezunn a vill vun deene koumen net méi zréck. Wéi Ufank September 1944 d'Fronte méi no komm sinn an et geheescht huet d'Flakunitéite sollte sech no Däitschland ofsetzen, sinn d'Lëtzebuerger Luftwaffenhelfer ugeblockt. Dat hu s'och alleguer fäerdegbrucht, obschonn de staark gefaarte Leitnant Dietrich von Bargen Maschinnegewierer opgestallt hat, fir dat ze verhënneren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Heiderscheid, André: Zwangsrekrutiert. Das deutsche Verbrechen an der Luxemburger Jugend.Ein Buch wider das Vergessen. St. Paulus-Verlag, Luxemburg, 2000. 223 Seiten, 1400 Franken, ISBN 2-87963-344-3
  • Heiderscheid, André: Der Zweite Weltkrieg; 1944-1945, in Wort und Bild, Luxembourg, 2005, Imprimerie Saint-Paul
  • Staar, Marcel: Waffenträger wider Willen, Luxembourg, 1987,Imprimerie Saint-Paul
  • Koch, Horst Adalbert: Flak. Die Geschichte der deutschen Flakartillerie und der Einsatz der Luftwaffenhelfer, Bad Nauheim 1965
  • Schätz, Ludwig: Schüler-Soldaten: Die Geschichte d. Luftwaffenhelfer im Zweiten Weltkrieg, Frankfurt/M.: Thesen Verl., 1972
  • Nicolaisen, Hans-Dietrich: Die Flakhelfer: Luftwaffenhelfer u. Marinehelfer im Zweiten Weltkrieg,Berlin [u.a.] Ullstein, 1981

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

B-17 Flying Fortress.jpg Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.