Lëtzebuergescht Alphabet

Vu Wikipedia
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
ABC abc
Majuskelen a Minuskelen am lëtzebuergeschen Alphabet

D'lëtzebuergescht Alphabet ass dat Alphabet dat gebraucht gëtt fir Lëtzebuergesch ze schreiwen. Et baséiert um moderne laténgeschen Alphabet a besteet aus 26 Buschtawen a véier Ëmlauten. Do dernieft gëtt et nach eng Rëtsch Buschtawe mat engem diakriteschen Zeechen, absënns wa s'aus enger anerer Sprooch geléint goufen.

Buschtawen[änneren | Quelltext änneren]

Positioun 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26
Grouss Buschtawen A B C D E F G H I J K L M N O P Q R S T U V W X Y Z
Kleng Buschtawen a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z
Aussprooch ​[a] [be] [t͡se] [de] [e] [æf] [ɡe] [ha] [i] [jot] [ka] [æl] [æm] [æn] [o] [pe] [ku] [ɛʁ] [æs] [te] [u] [faʊ] [ve] [iks] [iɡʁæk] [t͡sæt]

Buschtawe mat Diakritika[änneren | Quelltext änneren]

Ëmlauten[änneren | Quelltext änneren]

Grouss Buschtawen Ä Ë Ö Ü
Kleng Buschtawen ä ë ö ü
Aussprooch ​[ɛ] [ə] [ø] [y]

< Ö/ö > an < Ü/ü > gëtt et just a Wierder déi aus dem Däitsche geléint sinn.

Beispiller:[änneren | Quelltext änneren]

  • Äerdbier
  • Ëmlaut
  • Fön
  • Bün

Aner Buschtawen[änneren | Quelltext änneren]

Grouss Buschtawen À Ç É Ê Ô Û
Kleng Buschtawen à ç é ê ô û

Beispiller:[änneren | Quelltext änneren]

  • À propos
  • Garçon
  • Entrée
  • Sans gêne
  • Chômage
  • Goût

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Grammaire de la langue luxembourgeoise, Ministère de l'éducation nationale, de l'enfance et de la jeunesse, Luxembourg 2005, Nouvelle édition entièrement révisée et actualisée, Luxembourg 2020, 2e tirage, Luxembourg 2022 ISBN 978-99959-1-206-2