Spillfilm

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Laangspillfilm)
Den australesche Film The Story of the Kelly Gang (1906) war de weltwäit éischte Spillfilm. E gouf 2007 an d'UNESCO-Gediechtnes vun der Welt opgeholl.

E Spillfilm ass e Film mat enger fiktionaler Handlung. Domat grenzt e sech vun anere Filmer of, wéi zum Beispill dem Documentaire oder dem Reportage.

Donieft gëtt et nach aner Elementer, déi e Spillfilm ausmaachen. Esou spillen an engem Spillfilm Schauspiller mat, am Géigesaz zu engem Animatiounsfilm. E Spillfilm huet och eng Dauer vu meeschtens wäit iwwer enger Stonn, a gëtt dowéinst och Longmetrage oder Laangfilm genannt, fir den Ënnerscheed mam Kuerzfilm ze maachen.

Et gëtt awer keng eenheetlech Definitioun fir d'Längt vun engem Spillfilm. A Frankräich definéiert de Centre national du cinéma et de l'image animée déi Dauer als méi wéi 58 Minutten an 29 Sekonnen, also den Equivalent vun enger geleefeger 35-Millimeter-Filmroll vun 1.600 Meter. Fir d'US-amerikanesch Academy of Motion Picture Arts and Sciences,[1] souwéi fir déi amerikanesch an déi brittesch Filminstituter[2] muss e "feature film" op d'mannst 40 Minutte laang sinn. Fir bei de Screen Actors Guild Awards kënne matzemaachen, muss e Spillfilm op d'mannst 60 Minutte laang sinn.[3] Fir de Lëtzebuerger Filmpräis huet e "long-métrage" 2018 missen eng Minimumlängt vu 60 Minutten hunn - 2021 waren et just nach 50 Minutten.[4][5]

Déi meescht Filmer, déi am Kino lafen, si Spillfilmer. Si baséieren op engem Dréibuch.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.oscars.org/sites/oscars/files/93aa_rules.pdf
  2. https://www.bfi.org.uk/bfi-national-archive/research-bfi-archive/bfi-filmography/bfi-filmography-faq
  3. https://www.sagawards.org/awards/rules-eligibility/eligibility-criteria
  4. Lëtzebuerger Filmpräis: Réglementation 2018
  5. Lëtzebuerger Filmpräis: Réglementation 2021