Lambertuskierch vu Grooljen
Ausgesinn
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Grooljen | |||
Par | Parc Our Saint-Nicolas | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Lambert | |||
Koordinaten | 49° 56’ 10.1’’ N 06° 05’ 59.3’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Lambertuskierch vu Grooljen ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Pëtschent gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Lambert, deem säi Fest den 18. September gefeiert gëtt.
D'Kierch steet am Duerfzentrum op der Haaptstrooss, dem CR320A.
Den 28. Oktober 2022 gouf s'als nationale Kulturpatrimoine klasséiert.[1]
Zur fréierer Par Mierschent gehéieren ausser der Filialkierch vu Grooljen och nach d'Parkierch vu Mierschent, d'Kapell vu Weiler an d'Kapell vun Nuechtmanescht.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Lambertuskierch vu Grooljen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Housen-Houschent
- D'Fënstere vun der Kierch vu Grooljen op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).