Large Zenith Telescope

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Large Zenith Telescope (LZT) ass e Spigelteleskop mat 6 m Duerchmiesser, dat wéinst sengem Primärspigel aus flëssegem Quecksëlwer nëmmen op den Zenit geriicht ass: en Zenitteleskop. Seng Standplaz ass am Malcolm Knapp Research Forest vun der University of British Columbia, ongeféier 70 km ëstlech vu Vancouver.

Flëssege Spigel[änneren | Quelltext änneren]

De Primärspigel vum LZT besteet aus flëssegem Quecksëlwer, dat an enger Schuel ass déi gläichméisseg rotéiert, sou datt et duerch d'Zesummespill vun der Zentrifugalkraaft an der Äerdunzéiung eng bal perfekt Parabolform kritt.

Fir eng méiglechst vibratiounsaarm Rotatioun ze hunn, läit d'Schuel an engem Loftlager. Den Undriff geschitt iwwer e Elektromotor deen am Loftlager integréiert ass . D'Rotatiounsvitesse gëtt dobäi vun engem opteschen Encoder erfaasst a mat engem Regelkrees konstant gehalen. Fir Aflëss vu Loftstréimunge vun der Quecksëlweruewerfläch ewechzehalen, ass de Spigel mat enger dënner Mylarfolie ofgedeckt.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

E Virdeel vun dësem Konzept ass, datt d'Fabrikatioun vum Spigel an d'Montéierung net vill kaschten.

Nodeeler sinn, datt mam Teleskop nëmmen dee klengen Deel vum Himmel observéiert ka ginn, deen direkt iwwer dem Teleskop ass. Dat korrigéiert Siichtfeld huet en Ëffnungswénkel vun nëmme 24 Bouminutten. Duerch d'Äerdrotatioun gëtt dëse Beräich méi grouss; donieft gëtt am elektroneschen (CCD) d'Bild synchron mat der Äerddréiung verréckelt, wouduerch méi laang Beliichtungszäite méiglech ginn.

Et sinn allerdéngs Konzepter entwéckelt ginn, fir mat beweeglechen an evtl. verformbare sekundären an tertiäre Spigelen d'Bildfeld op ±23° ze vergréisseren. Domat ass och eng gläichzäiteg Observatioun vun e puer Himmelsregioune méiglech.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]