Op den Inhalt sprangen

Lars Christian Krogh Gerson

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lars Christian Krogh Gerson
Gebuer 5. Februar 1990
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg, Norwegen
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Gréisst 187 cm
Gewiicht 76 kg
Veräin/Ekipp Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
Famill
Papp Henri Gerson

De Lars Christian Krogh Gerson, gebuer de 5. Februar 1990 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesch-norwegesche[1] Foussballspiller.[2] Hien ass de Jong vum fréieren Handballnationalspiller Henri Gerson an der norwegescher Olympionickin am Handball, Bodil Krogh.

Hien ass Mëttelfeldspiller an der lëtzebuergescher Nationalekipp (A-Kader)[3] an huet de 26. Mäerz 2008 fir d'éischt do gespillt.[4] Mat 97 Asätz steet de Lars Gerson op der 5. Plaz bei de Rekordnationalspiller (Stand: 27. Februar 2025).

Hien huet bei de Minimes vum SC Bettembourg ugefaange mat Fussball spillen, ier hien 1998 mat senger Mamm an Norwege geplënnert ass. Bei Kongsvinger IL huet hien dunn an de Jugendekippe gespillt, a vun 2008 bis Februar 2012 fir d'Profisekipp an der norwegeschen zweeter Liga. Den 2. Februar 2012 huet hien e Vertrag vun 3 Joer beim schweedeschen Éischtligist IFK Norköpping ënnerschriwwen. 2015 ass hie bei GIF Sundsvall gewiesselt an 2018 zeréck bei Norköpping.

Am Februar 2021 ass hie bei de Racing Santander an déi drëtt spuenesch Liga gewiesselt. Hien huet de Veräin awer no nëmme 4 Asätz schon am Mee verlooss an ass an Norwege bei den SK Brann gewiesselt. Och hei sollt hie just eemol ze spille kréien, sou datt en am Januar 2022 zeréck bei säi Jugendveräi Kongsvinger gewiesselt ass.

Nodeems säi Vertrag net verlängert gouf, ass de Lars Gerson am Januar 2025 op Lëtzebuerg bei de Progrès Nidderkuer gewiesselt.

 Commons: Lars Christian Krogh Gerson – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. https://www.transfermarkt.com/lars-gerson/profil/spieler/73524
  2. Portrait vum Lars Gerson op der Websäit vun der UEFA
  3. Portrait vum Lars Gerson op der Websäit vun National Football Teams
  4. Lëscht vun de Lännermatcher vum Lars Gerson op der Websäit European Football