Op den Inhalt sprangen

Laurent Deville

Vu Wikipedia
Laurent Deville
Gebuer 24. November 1967
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Veräin/Ekipp Union Lëtzebuerg,
Progrès Nidderkuer,
FC Sporting Mäerzeg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
Famill
Geschwëster Frank Deville


De Laurent Deville, gebuer de 24. November 1967, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller[1].

Sportlech Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht dem 31. Mee 1998 am 6. Oktober 2001 huet hien, zesumme mat sengem méi jonke Brudder Frank Deville, 17-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt[2].

Hien huet vun 1985 bis 1994 beim Swift Hesper gespillt a war duerno vun 1994 bis 2000 bei der Union Lëtzebuerg. Duerno war hien an der Saison 2000/2001 beim FC Sporting Mäerzeg, 2001/2002 beim Progrès Nidderkuer[3] a schliisslech vun 2002 bis 2004 nees beim Swift Hesper.

Berufflech Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

De Laurent Deville war Generalsekretär vum SYVICOL an duerno an der General-Koordinatioun vum Inneministère. Vu September 2015 bis Oktober 2022 war hie Premier Conseiller de Gouvernement[4] an huet an der Coordination générale vum Sportsministère geschafft. Nodeems säi Mandat do net verlängert gouf, ass hien an den Aarbechtsministère versat ginn[5]. Vum 16. Juli 2019 bis den 1. September 2023 war hie President vun der SEBES.[6][7] Vum 1. Januar 2022 bis den 31. Juli 2025 war hie President vun der Coque.[8], nodeems hie schonn zanter dem 7. August 2020 Vizepresident genannt gouf.[9] Zanter dem 8. Dezember 2022 ass hien och President vum Direktiounscomité vum Service de santé au travail multisectoriel [10]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. De Laurent Deville op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Laurent Deville op der Websäit vun European Football
  3. De Laurent Deville op der Websäit vun National Football Teams
  4. Administration Gouvernementale - Publication administrative. Gekuckt de(n) 27. 12. 2022.
  5. (de)Michèle Gantenbein, Der Fall Laurent Deville - Das Schicksal eines politischen Schützlings. wort.lu (22.11.2022). Gekuckt de(n) 27.12.2022.
  6. Arrêté ministériel du 8 juillet 2019 portant nomination de nouveaux membres effectifs et suppléants du comité d'accompagnement du projet d'extension et de modernisation de la station de traitement du SEBES.. Gekuckt de(n) 27. 12. 2022.
  7. Noch kein Nachfolger für Ex-SEBES-Präsident Laurent Deville. wort.lu [€] (23.10.2023). Gekuckt de(n) 25.10.2023.
  8. Arrêté grand-ducal du 24 décembre 2021 portant nomination d'un nouveau président, d'un nouveau vice-président et d'un nouveau membre du Conseil d'administration du Centre national sportif et culturel.. Gekuckt de(n) 27. 12. 2022.
  9. Arrêté grand-ducal du 23 juillet 2020 portant nomination des membres du Conseil d'administration du Centre national sportif et culturel « d'Coque ».. Gekuckt de(n) 27.12. 2022.
  10. Ministère de la Santé - Comité-directeur du Service de santé au travail multisectoriel - Nomination.. Gekuckt de(n) 27.12. 2022.