Le déjeuner sur l'herbe

Vu Wikipedia
Le Déjeuner sur l'herbe.

Le Déjeuner sur l'herbe ass en Uelechtableau vum Édouard Manet, deen dësen 1863 fäerdeggemoolt an de 15. Mee 1863 am Salon des refusés ausgestallt huet. Fréier Nimm waren Le Bain an dono La Partie carrée. 1906 huet de Konschtsammler Étienne Moreau-Nélaton den Tableau an enger Donnatioun dem franséische Staat vermaach. En ass haut am Musée d'Orsay zu Paräis ausgestallt.

Duerch säin haarde Stil, ma virun allem de Sujet - eng "einfach" Fra, déi plakeg tëscht zwéin ugedoene Männer sëtzt an de Spectateur riicht an d'Ae kuckt - huet den Tableau en esthetesche ma virun allem och moralesche Skandal ervirgeruff. De Manet hat domat de gängege Code, datt plakeg Persounen nëmmen a mythologeschen, historeschen oder reliéisen Zeene gemoolt duerfte ginn, gebrach, a sou eent vun den éischte "moderne" Biller gemoolt.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Bild ass 280 op 207 cm grouss a mat Uelegfaarf op Lénge gemoolt. Gewisen ass eng Zeen mat véier Persounen op enger Wiss an engem Bësch, mat am Hannergrind engem Weier oder Floss. Vir gesäit een Iesse vun engem Picknick - Friichten, e Brout, Kiischten, déi aus engem ëmgeheite Kuerf op d'Kleed vum Model gefall sinn. Zwéi Männer, Dandys, sinn am Gaang ze diskutéierten, iwwerdeems eng plakeg Fra de Betruechter/Moler direkt ukuckt. Am Hannergrond ass eng weider Fra ze gesinnn, déi just liicht Ënnerwäsch unhuet, an déi am Gaang ass, sech ze bueden.

De fréiere Spëtznumm La partie carrée, deen de Manet dem Bild ginn hat, huet der Spekulatioun weideren Opdriff ginn, datt déi zwou Fra Prostituéiert wieren, an den ëmgeheite Friichtekuerf géif undeiten, dass déi Véier sech do kuerz virdrun sexuell ameséiert hätten.

D'Leit um Bild sinn d'Victorine Meurent, déi dem Manet dacks Modell gestanen huet, den hollännesche Sculpteur Ferdinand Leenhoff, den Eugène Manet an d'Modell Alexandrine-Gabrielle Meley, spéider Fra vum Emile Zola.

D'Bild baséiert awer och op klassesche Referenzen, wéi dem Renaissance-Moler Tizian säi Concert champêtre oder dem Vasari säi Jugement de Pâris, déi änlech opgebaut sinn an d'Figuren déi nämmlecht Posen hunn. Och de Sujet vu Kopplen, déi am Park spazéieren, gouf dacks gemoolt.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt och en Tableau vum Claude Monet mat dem selwechten Numm; dësen ass méi 'konventionell' wat de Sujet selwer ubelaangt, mä vum Stil hier sicht en d'Spill mat der Luucht tëscht de Blieder erëmzeginn, wat typesch fir deen deemools neien impressionistesche Stil ass.

Aner Moler, wéi de Pablo Picasso (1961) oder den Alain Jacquet (1964), hunn hir Interpretatioun vum Tableau gemoolt.