Op den Inhalt sprangen

Les amis d'Edmond Dune

Vu Wikipedia
Les amis d'Edmond Dune
Rechtsform Association sans but lucratif
Grënnungsdatum 1. Juli 2009
Sëtz Lëtzebuerger Literaturarchiv
  2, Rue Emmanuel Servais
Presidentin Françoise Hermann[1]
Generalsekretärin Hélène Tyrtoff
Tresorier Florent Toniello
RCS F8017

Les amis d'Edmond Dune ass eng lëtzebuergesch ASBL. Se ass nom lëtzebuergeschen Auteur Edmond Dune genannt a gouf den 1. Juli 2009 vu senger Duechter, der Françoise Hermann-Le Bourhis, a vum Jean Portante gegrënnt.[2] D'Associatioun huet hire Sëtz am Lëtzebuerger Literaturarchiv zu Miersch.

Ziler vum Veräin

[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptziler vum Veräi sinn:

  • Fërderen an ënnerhale vun der Erënnerung un den Edmond Dune;
  • Verbreede vu sengem Wierk zu Lëtzebuerg an am Ausland;
  • Bäidroen zur Bekanntheet vu sengem Wierk duerch d'Organisatioun an d'Fërdere vu literaresche Manifestatioune wéi Liesungen, Konferenzen, Seminairen a Fuerschungsaarbechten;
  • Zesummestelle vun enger Dokumentatioun iwwer seng Wierker an iwwer alles, wat säi Liewe betrëfft.
  • Erausbrénge vu sengem Gesamtwierk an Zesummenaarbecht mat ëffentlechen Institutiounen a privaten Acteuren.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Assemblée générale vum 12.04.2025 (bis 2027)
  2. Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial C Nr. 1468 vum 29. Juli 2009, Säit 70425