Lewis Morris Rutherfurd

Vu Wikipedia
Lewis Morris Rutherfurd
Gebuer 25. November 1816
Bronx
Gestuerwen 30. Mee 1892
Nationalitéit USA
Educatioun Williams College
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Fotograf, Affekot
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences

De Lewis Morris Rutherfurd, gebuer de 25. November 1816 zu Morrisania, New York a gestuerwen den 30. Mee 1892 zu Tranquility, New Jersey war en US-amerikaneschen Astrophysiker. Hie war e Pionéier an der Himmelsfotografie.

Hie koum zu Morrisania, New York, als Jong vum Robert Walter Rutherfurd a Sabina Morris op d'Welt a war den Enkel vum US-Senator John Rutherfurd. 1834 absolvéiert hien de Williams College zu Massachusetts a schafft vun 1837 un als Affekot mam William H. Steward zu Auburn. An dësem Joer krut hien och seng Juristenzouloossung viru Geriicht. Den 22. Juli 1841 gouf hie mam Margaret Chanler bestuet. 1842 gouf säi Jong Stuyvesant Rutherford gebuer.

1849 hat hie säi Jurastudium ofgebrach, fir senger Fräizäitbeschäftegung, den Naturwëssenschaften an der Astronomie, voll Opmierksamkeet ze schenken. Um Gebitt vun der Spektralanalys hat hie Pionéieraarbecht geleescht an hat am Beräich vun der Himmelsfotografie experimentéiert. Hien hat Instrumenter speziell fir seng Studie konstruéiert, zum Beispill de Mikrometer fir genee ofgemoosse Fotoen, eng Maschinn, déi verbessert Liichtbéiungsgitter produzéiert, an dat éischt speziell fir d'Astrofotografie geschaf Teleskop.

Mat sengen Instrumenter hat hien eng héichwäerteg Fotosammlung vu Sonn, Äerdmound (de Rutherfurd-Krater ass no him genannt), de Planéiten a Stäre bis zu der fënnefter Gréissteklass a Stäregruppe geschaf. 1862 hat hie mat spektroskopesche Studien mat Hëllef vu sengem neie Liichtbéiungsgitter gemaach. Hien hat ënnerschiddlech Kategorie vu Spektralklasse vu Stären opgebaut, déi den Angelo Secchi 1867 vergréissert an zu engem Set vu véier Stäreklassen ausbaut hat.

Vun 1858 bis 1884 hat de Rutherfurd als Kurator vun der Columbia University gedéngt a seng Fotoen dëser Institutioun geschenkt. 1885 gouf hien als Delegéierten zu der International Meridian Conference beruff. Hie war 1863 ee vun de Grënnungsmembere vun der National Academy of Sciences a Member vun der Royal Astronomical Society.

Seng Gesondheet hat sech ab 1887 staark verschlechtert, hien ass 1892 gestuerwen.

Der Moundkrater Rutherfurd ass no him benannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie