Liège-Bastogne-Liège 2020

Vu Wikipedia
Liège - Bastogne - Liège 2020
Detailer
Course106. Liège-Bastogne-Liège
KompetitiounUCI World Tour 2020 1.UWT
Datum4. Oktober 2020
Distanz257 km
LandBEL Belsch
DepartLéck
ArrivéeLéck
Ekippen25
Um Depart175
Ukomm125
Vitess (Moyenne)39,333 km/h
Palmarès
GewënnerSLO Primož Roglič (Jumbo-Visma)
ZweetenSUI Marc Hirschi (Team Sunweb)
DrëttenSLO Tadej Pogačar (UAE Team Emirates)
◀20192021▶
Dokumentatioun

Liège-Bastogne-Liège 2020 war déi 106. Editioun vun dëser Vëloscourse fir Hären, op der Strooss. Si gouf de 4. Oktober 2020 gefuer an ass eng Kompetitioun vun der UCI World Tour 2020 an der Kategorie 1.UWT. Normalerweis gëtt Liège-Bastogne-Liège als drëtt Course vun de sougenannten Ardenneklassiker am Abrëll gefuer, wéinst der COVID-19-Pandemie ass se 2020 an den Oktober geréckelt ginn.

Den Depart war zu Léck an d'Arrivée war no 258 km och nees zu Léck. Vun 1992 bis 2018 war d'Arrivée zu Ans.

D'Course gouf vum Sloveen Primož Roglič dee fir d'Ekipp Jumbo-Visma fiert, gewonnen. Ganz bosseg war 2020 datt den Julian Alaphilippe um Sprint virun der Arrivée, knapps 15 Meter ier en ukoum, scho gemengt hat e wär de Gewënner, an d'Hänn an d'Luucht geheit; de Roglič huet vun dësem faux-pas profitéiert an ass dunn och effektiv als Éischten ukomm. Den Alaphilippe gouf doropshin vun den Organisateuren op déi 5. Plaz zeréckgesat, well hie bei sengem Sprint onsportlech géintiwwer dem Marc Hirschi gefuer ass (wéi hie wärend dem Sprint seng Linn geännert huet an doduerch den Hirschi beim Fuere gestéiert.)[1]

Lëtzebuerger um Depart[änneren | Quelltext änneren]

Am Ganze waren 175 Coureuren um Depart, dovun déi dräi Lëtzebuergesch Coureuren Alex Kirsch, Bob Jungels a Michel Ries. De Bob Jungels koum als 92. iwwer d'ligne d'arrivée, de Michel Ries gouf 119. Den Alex Kirsch ass d'Course net op en Enn gefuer.[2]

Koppen déi gefuer goufen[änneren | Quelltext änneren]

Numm km Längt (m) Pente (moyenne) km vun der Arrivée
1 Côte de la Roche-en-Ardenne 75 2 900 5,6 % 181
2 Côte de Saint-Roch 121 1 000 11,2 % 135
3 Côte de Mont-le-Soie 161 4 000 6,1 % 95
4 Côte de Wanne 169,5 2 800 7,4 % 86,5
5 Côte de Stockeu 176 1 000 12,5 % 80
6 Côte de la Haute-Levée 181,5 3 600 5,6 % 74,5
7 Col du Rosier 194,5 4 400 5,9 % 61,5
8 Col du Maquisard 207 2 500 5 % 49
9 Côte de La Redoute 219 2 000 8,9 % 37
10 Côte des Forges (Stèle Stan Ockers) 231 1 530 6,9 % 25
11 Côte de la Roche aux faucons 241 1 300 11 % 15

Klassement[änneren | Quelltext änneren]

Generalklassement
CoureurLandEkippZäit
1. Primož Roglič SLO SlowenienJumbo-Visma6 h 32 min 02 s
2. Marc Hirschi SUI SchwäizTeam Sunweb+ 0 s
3. Tadej Pogačar SLO SlowenienUAE Team Emirates+ 0 s
4. Matej Mohorič SLO SlowenienBahrain McLaren+ 0 s
5. Julian Alaphilippe FRA FrankräichDeceuninck-Quick Step+ 0 s
6. Mathieu van der Poel NED HollandAlpecin-Fenix+ 14 s
7. Michael Woods CAN KanadaEF Pro Cycling+ 14 s
8. Tiesj Benoot BEL BelschTeam Sunweb+ 14 s
9. Warren Barguil FRA FrankräichArkéa-Samsic+ 14 s
10. Michał Kwiatkowski POL PolenIneos Grenadiers+ 14 s
Source: ProCyclingStats


Maskéiert Coureure beim Depart.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://fr.reuters.com/article/cyclisme-lige-bastogne-lige-idFRMT1IDAT0000JVM
  2. http://www.procyclingstats.com/race.php?id=247183