Liichtecho

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen
Liichtecho ëm de Stär V838 Monocerotis

E Liichtecho ass eng echoaarteg zäitlech versat Streeung vu Liicht an interstellarem Gas a Stëbs, déi vun engem Stär während engem kuerzen Hellegkeetsblëtz, wéi enger Nova oder Supernova, ausgesent gëtt. Déi duerch d'Streeung siichtbar Gas- a Stëbswolleken goufen deelweis vum Stär während fréieren Ausbrëch ofgestouss oder si Bestanddeel vun der interstellarer Matière. De Liichtecho breet sech vum Observateur aus gesinn konzentresch ronderëm de Stär aus.

Déi éischt Entdeckung vun engem Liichtecho war am Joer 1901 bei der Nova Persei 1901. Besonnesch bekannt gouf de Phenomen bei engem staarken Hellegkeetsausbroch vun der liichtkräfteger rouder Nova V838 Monocerotis den 1. Januar 2002, déi e staarke Liichtecho ausgeléist huet, deen am Laf vun de Joren ëmmer weider konzentresch no bausse gewandert ass.

Mat Hëllef vu Liichtechoe kënnen

  • d'Struktur vun zirkumstellarer Matière ëm een optesche Transient analyséiert ginn
  • spektrografesch Ënnersich vun historeschen Nova- a Supernovaausbréch gemaach ginn
  • Observatioune vum Hellegkeetsverlaf vun historeschen Nova- a Supernovaeausbréch analyséiert ginn
  • d'Distanz resp. den Alter vum Liichtausbroch aus der visueller Vitess vun der Ausbreedung vum Liichtecho ofgeleet ginn

D'Analys vu Liichtechoen ass eréischt mam Asaz vun CCD-Sensoren a groussem Ëmfang méiglech ginn, well déi ëm en etlech Gréisstenuerdnunge méi liichtempfindlech si wéi fotografesch Techniken. Liichtechoe goufe bis elo ëm Supernovaen, Novaen, Liichtkräfteg Rout Novaen, Liichtkräfteg Blo Verännerlecher, T-Tauri-Stären, souwéi bei Herbig-Haro-Stären nogewisen.

Reflektéiert Liicht vu B erreecht den Observateur op der Äerd kuerz nom direkte Liicht vun der Quell A. Vum Punkt C aus erreecht d'Liicht den Observateur méi spéid.

RS Puppis[änneren | Quelltext änneren]

Mat Hëllef vum Liichtecho konnt eng international Astronomegrupp d'Distanz vum Cepeid RS Pup vun der Äerd mat grousser Genauegkeet bestëmmen. An engem Stëbsniwwel, deen ëm de Stär kreest spigele sech mat entspriechender Zäitreduzéierung seng Hellegkeetspulsatiounen zréck. D'Moosse vun der Zäitreduzéierung bei verschiddenen Deeler vum Niwwel hunn eng Distanz vu 6500 Liichtjoer ausgemaach. D'Onsécherheet war nëmmen 90 Liichtjoer, well déi Method alleng op geometreschen Zesummenhäng an der Liichtvitess berout.[1]

D'Supernova vum Tycho[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Supernova 1572 konnt mam Liichtecho d'Supernova spektrografesch ënnersicht ginn an eendeiteg der Klass Ia zougeschriwwe ginn.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lichtecho verrät Sternentfernung. Scienceticker.info, 11. Februar 2008
  2. Supernova: Astronomen erspähen 400 Jahre alte Sternenexplosion. Spiegel Online