GK Persei
De GK Persei (och Nova Persei 1901) war eng Nova, déi 1901 am Stärebild Perseus vum schotteschen Astronom Thomas David Anderson entdeckt gouf. D'Nova huet eng maximal Hellegkeet vun 0,2 mag an ass eng vun den hellsten, neizäitlech observéierten Novaen. Hir Spektralklass ass Be+K2sdI.
Als Novarescht, mat enger roueger Hellegkeet vun 13,5 mag, ass de GK Persei e Kataklysmesch Verännerlechen (CV), deen eng Rei vun Eegenschaften huet, déi an där Kombinatioun ganz rar optrieden: D'Bunnperiod vum GK Persei gehéiert mat 1,99 Deeg zu de längsten déi bei CVen observéiert goufen, an de Begleetstär ass en Ënnerris, an net wéi an der Reegel, en Haaptreiestär.
Den akkretéierende Wäissen Zwerg ass magnéitesch a rotéiert mat enger Period vun 351 Sekonnen, woumat de GK Persei zu den asynchronen, magnéiteschen CVe vum Typ DQ-Herculis zouzeuerdnen ass. Doriwwer eraus, ginn am GK Persei Zwergnovaausbréch observéiert bei deenen d'Hellegkeet vum System ëm 2 bis 3 Magnitudë klëmmt. D'Ausbréch trieden an Ofstänn vun ongeféier 3 Joer op an daueren zirka 2 Méint.
De GK Persei ass vun engem Mantel ëmginn deen expandéiert, a vum leschten Novaausbroch staamt an als Firework-Niwwel bezeechent gëtt.
Koordinaten (Equinoxe 2000)
[änneren | Quelltext änneren]- Rektaszensioun: 03h 31m 12.0s
- Deklinatioun: +43° 54' 17"