Mount Lemmon Observatoire

Vu Wikipedia
De Mount Lemmon Observatoire

De Mount Lemmon Observatoire Mount Lemmon Observatory (MLO), och als Mount Lemmon Infrared Observatory bezeechent, ass en astronomeschen Observatoire op enger Héicht vun 2.790 m um Bierg Mount Lemmon an de Santa Catalina Mountains ongeféier 28 Kilometer nord-ëstlech vun Tucson am US-Bundesstaat Arizona. D'Anlag am Coronado National Forest, déi en ettlech onofhängeg Teleskopen ëmfaasst, gëtt vum Steward Observatoire vun der Universitéit vun Arizona bedriwwen a krut dofir eng Spezialautorisatioun vum U.S. Forest Service.

Geschicht vum Observatoire[änneren | Quelltext änneren]

De Mount Lemmon Observatoire gouf 1954 ufanks als Radarstatioun vun der Air Defense Command mat der Bezeechnung Mount Lemmon Air Force Station gebaut. Nodeem en 1970 un de Steward Observatoire ugeschloss gouf, gouf d'Anlag an en Infrarout-Observatoire ëmgebaut. Bis 2003 gouf ee vum Fort Huachuca aus gesteierte Radartuerm fir Observatioune vu Rakéitestarte vun der White Sands Missile Range an New Mexico a vun der Vandenberg Air Force Base a Kalifornien gebraucht.

Instrumentéierung[änneren | Quelltext änneren]

Um Mount Lemmon ginn am Ganze 7 Teleskope bedriwwen, wovun déi wichtegst hei hannendrun opgezielt sinn:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Asteroid 2011 AG5 - A Reality Check (NASA) Gearchiveerd op 2021-04-16. Gekuckt de(n) 2012-06-28.