Liturgiereform
Ausgesinn
Liturgiereform bezeechent am éischte Sënn eng Ofännerung vun enger Liturgie. Ouni weideren Zousaz bedeit et awer hautdesdaags meeschtens déi Reformen an der Liturgie vun der réimesch-kathoulescher Kierch déi nom 2. Vatikanesche Konzil (1962-1965) duerchgefouert goufen.
Dat Konzil huet a senger Constitutioun Sacrosanctum Concilium déi grouss Linne vun der Reform ugekënnegt. Eng Rei Instruktiounen aus de follgende Joren huet déi konkreet Aspekter behandelt. Beispiller vu Changementer:
- D'Mass muss net méi op laténgesch gehale ginn, mä se kann och an der Landessprooch gelies ginn, dat soll e bessert Versteestemech duerch d'Leit mat sech bréngen.
- Aféiere vun engem Volleksaltor, sou datt de Paschtouer de Leit bei der Eucharistiefeier net méi de Réck dréint, mä op si kuckt. Domat waren d'Héichaltär net méi néideg a goufen entweeder hannen am Chouer stoe gelooss (dacks wéinst dem konschthistoresche Wäert) oder goufe beim Ëmbau (deen duerch d'Reform op ville Plazen noutwenneg gouf) eliminéiert.
- Och d'Kommiounsbänken, déi de Chouer vun de Leit getrennt hunn, konnten eliminéiert ginn.
- Ofschafe vum glächzäitege Feiere vun méi Massen an enger Kierch, dofir Aféiere vun der Konzelebratioun (méi Geeschtlech feieren eng Mass op engem Altor zesummen, woubäi ee presidéiert).
- Den Oflaf vun der Mass gouf vereinfacht a verschidden ursprénglech Rite goufen nees agefouert oder op en Neits verdäitlecht.
- Reform vum Kierchejoer.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Éditions du Centurion (1967) Nouvelles Instructions pour la Réforme Liturgique
- Joseph Ratzinger, Der Geist der Liturgie. Eine Einführung. Herder, Freiburg i. Br. 2000