lochness

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Verlag lochness. Fir de schottesche Séi, kuckt wgl. Loch Ness.

lochness - verlag luxemburger autoren war e Verlag zu Lëtzebuerg vun engem Auteurskollektiv, an deem sech uganks vun den 1970er Joren Auteuren zesummegedoen hunn, fir hir Texter ze publizéieren.

Zu de Grënnungsmemberen hunn ë. a. de Pol Greisch, de Pierre Puth an de Roger Manderscheid gehéiert.

lochness huet eppes iwwer 3 Joer bestanen a 5 Publikatiounen erausbruecht.

E gëtt haut, trotz senger Kuerzliewegkeet, als e wichtegt Element fir d'Entwécklung vun der Lëtzebuerger Literatur ugesinn.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Claude D. Conter: "1972 - Lochness: Aufstieg und Fall eines Verlages." In: Fundstücke = Trouvailles 2016/2017 (Nr. [3](2018)), S. 97-99.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "LOCHNESS – E Lëtzebuerger Auteursverlag an den 1970er Joren". Manifestations. cnl.public.lu.