Lommelshaff

Vu Wikipedia
Lommelshaff
Land Lëtzebuerg
Plaz Déifferdeng
Adress 117, Avenue Charlotte
Koordinaten 49° 31’ 3’’ N 05° 53’ 26’’ E
Statut Klasséiert Monument (SSMN)
Datum vum Bau ëm 1900
Proprietär Gemeng Déifferdeng

De Lommelshaff ass e fréiere Bauerenhaff zu Déifferdeng, an ee vun de wéinegen Zeie vun der landwirtschaftlecher Vergaangenheet vun der Stad.

Och ënnert dem Numm Ferme Goullon bekannt, gouf den Haff ëm 1900 gebaut a besteet aus engem Wunnhaus, laanscht d'Strooss, hannert deem an U-Form d'Wirtschaftsgebaier ronderëm e Bannenhaff gebaut sinn. An der Entrée, laanscht d'Strooss, stinn zwou mächteg Lannen.[1]

Nodeems en Zäitchen eidel stoung, an no dru war fir ofgerappt ze ginn, huet d'Stad Déifferdeng e kaf.

De 6. September 2018 gouf en als nationaalt Monument klasséiert.[2]

No Restauréierungsaarbechten, déi eng 3 Millioune kaschte sollen, huet d'Gemeng wëlles, am Kader vun Esch 2022 aus dem Gebai en Treffpunkt fir Jonk an Al ze maachen, mat Raimlechkeete fir Veräiner an Artisten, Plaz fir Theater a Museker, sou wéi e grousse pedagogesche Permakultur-Gaart.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Reportage op Tele Lëtzebuerg, tele.rtl.lu, 07.07.2019.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. DiffMag 06/2018, S.12.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  3. "3 Milliounen Euro fir renovéierte 'Lommelshaff' am Kader vun Esch 2022." rtl.lu, 7. Juni 2019.