Loschbur-Fra

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Loschbur-Fra ginn d'stierflech Iwwerreschter vun engem Mënsch genannt, deen am Hierscht 1935 bei Reiland am Dall vun der Schwaarzer Iernz, ënner engem Abri sous roche fonnt goufen, wou e verbrannt gi war. Bei derselwechter Ausgruewungscampagne vum Nicolas Thill, Charles Weber a Marcel Heuertz, bei där de Loschbur-Mann fonnt gouf, goufen Iwwerreschter vun enger Feierplaz gesammelt, déi dunn an de Reserve vum Staatsmusée leie bliwwe sinn, bis se am Joer 1998 an enger Enveloppe nees entdeckt goufen.

Wéinst der Lëschburbaach niewendrun, a well schonn de Loschbur-Mann duerno genannt gouf, kruten déi Iwwerreschter den Numm Loschbur-Fra.

Bei der Loschbur-Fra handelt et sech em eng erwuesse Fra, déi ëm ee Joerdausend méi al ass wéi de Loschbur-Mann an domat ëm 9000 Joer al ass.[1] Domat huet 2015 de Loschbur-Mann säin Titel als "eelste Lëtzebuerger" un d'Loschbur-Fra verluer.

D'Loschbur-Fra gouf incineréiert sou datt nëmmen en Deel vun de Schanken erhalen ass, dorënner Deeler vum Schiedel, dee Schnëttspuren opweist, déi drop hiweisen, datt se skalpéiert gouf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Brou L, F Le Brun-Ricalens & I L Bayón (2008) Exceptionnelle découverte de parures mésolithiques en coquillage fossile sur le site d'Heffingen-« Loschbour ». Empreintes, Annuaire du Musée national d'histoire et d'art 1: 12-19.
  • Toussaint M, L Brou, F Le Brun-Ricalens & F Spier (2009) The Mesolithic site of Heffingen-Loschbour (Grand Duchy of Luxembourg), A yet Undescribed Human Cremation Possibly from the Rhine-Meuse-Schelde Culture: Anthropological, Radiometric and Archaeological Implications. pp. 239–260 in: Crombé P, M Van Strydonk, J Sergant, M Boudin & B Marchteld (Eds). Chronology and Evolution of the Mesolithic in Northwest-Europe. Proceedings of an international Meeting, Brussels, May 30th – June 1st 2007, Cambridge Scholars Publishing, Cambridge 2009.
  • Toussaint M (2010) Les sépultures mésolithiques du bassin mosan wallon : où en est la recherche en 2010. In: L’Homme et la recherche, Mélanges Louis Pirnay, Bulletin des Chercheurs de Wallonie, hors-série n°2: 69-86.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Eng Datéierung mat der Radiokarbon-Method huet en Datum erginn tëschent 7050 a 6690 virun eiser Zäitrechnung (cf. Toussaint et al. 2009 an der Literatur).