Louis Pesch
Ausgesinn
| Louis Pesch | |
|---|---|
| Gebuer |
11. Mäerz 1904 Kaalmes |
| Gestuerwen |
22. Februar 1959 Munneref |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Vëlossportler |
| Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1924 |
|
| |
De Louis Pesch, gebuer als Jean Louis Pesch den 11. Mäerz 1904 zu Kaalmes[1], a gestuerwen den 22. Februar 1959 zu Munneref[2], war e lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.[3]
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis vertrueden.[4]
Zu Éiere vum Louis Pesch gouf am Mee 1960 vum Vëlosclub VC Elva vun Elleng de "Grand Prix Louis Pesch" an d'Liewe geruff[5], deen an de follgende Joerzéngten all Joer vun de Cadete gefuer gouf.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Gebuertsakt Nr. 2 vum 12. Mäerz 1904 aus der Gemeng Sëll
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 26. Februar 1959
- ↑ De Louis Pesch op der Websäit vu sports-reference.com
- ↑ De Louis Pesch op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Archivéiert den 09.03.2016. Gekuckt de 27.06.2011.
- ↑ Grand Prix L. Pesch für Cadets In Bad-Mondorf am Luxemburger Wort vum 7. Mee 1960
