Luigi Lucchini

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Luigi Lucchini, gebuer den 21. Januar 1919 zu Casto an der Provënz Brescia a gestuerwen de 26. August 2013 zu Brescia, war en italieneschen Entreprener. Hie war als "re dell'acciaio" (lb. fir "Kinnek vum Stol") bekannt.[1]

Lucchini RS Group.jpg

Hien ass no de Studien an de Schmaddbetrib vu sengem Papp agestigen, deen en no an no zu der gréisster Schmelz vu Casto ausgebaut huet. An der Nokrichszäit grënnt hien de Gruppo Lucchini, ee vun de gréisste Stolkonzerner vun Italien. Den Ëmsaz ass vu 25 Milliarden italienesche Liren am Joer 1975 op 3500 Milliarde Liren am Joer 2000 geklommen. Mëttlerweil heescht de Familljebetrib Lucchini RS, a gehéiert nach ëmmer zu de gréisste Stolkonzerner vun Italien. Hien huet eng grouss Roll an der Siderurgie an Italie gespillt, an deem hien de ganze Secteur an der Nokrichszäit ausgebaut huet.

Hie war vun 1984 bis 1988 President vu Confindustria. Säin Nofolger war de Sergio Pininfarina.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. http://www.repubblica.it/economia/2013/08/26/news/e_morto_luigi_lucchini_re_dell_acciaio_italiano-65320418/