Lupinus polyphyllus

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lupinus polyphillus)
Lupinus polyphyllus
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Uerdnung Fabales
Famill Fabaceae
Gattung Lupinen (Lupinus)
Wëssenschaftlechen Numm
Lupinus polyphyllus
Lindl., 1827
Verschidde Bléiefaarwen

D'Gaardelupin (Lupinus polyphyllus) ass eng Planzenaart vun der Gattung Lupinen, bannent der Famill vun de Fabaceae. Si kënnt ursprénglech aus dem Weste vun Nordamerika, vun Alaska a British Columbia bis erof a Kalifornien an Utah. Si ass do op fiichte Plazen, laanscht Waasserleef oder Strooossgrief, ze fannen.

Si gouf am 19. Joerhonnert als Gaardenzierplanz iwwer England an Europa agefouert, ma verbreet sech och wëll, als en Neophyt, an der Natur doruechter.

Et ass eng krauteg, bestänneg Planz, déi tëscht 60 cm an 1,5 m héich ka ginn. Hir Bléien, déi wéi eng Drauwekludder um Still hänken, si bloelzeg-mof, heainsdo och rosa oder wäiss.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lupinus polyphyllus – Biller, Videoen oder Audiodateien