Luxembourg Field Sports Federation

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Luxembourg Field Sports Federation
Ofkierzung LFSF
Grënnungsdatum 30. Januar 2018
Sëtz 3, route d'Arlon
L - 8009 Stroossen
President Pit Bingen
Generalsekretär Brian Bulman

D'Luxembourg Field Sports Federation, gekierzt LFSF, ass den nationale Verband vun de Feldsportveräiner zu Lëtzebuerg. D'LFSF vertrëtt d'Veräiner déi Ekippesportaarten op Sportsterrainen dobausse bedreiwen an déi net vun enger anerer Federatioun vertruede ginn.

D'LFSF ass den 30. Januar 2018 gegrënnt an als ASBL registréiert ginn[1]. Se huet hire Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Federatioun vun de Feldsportveräiner gouf 2018 gegrënnt; déi dräi Grënnungsmembere waren de Gaelic Sports Club Luxembourg, de Luxembourg Lacrosse Club an d'Luxembourg Flying Disc Federation. Foot Golf koum am Joer 2020 bäi an Touch Rugby 2022[2].

D'LFSF vertrëtt ë.a. follgend Sportaarten: Camogie, Discgolf, Fussballgolf, Gaelic Football, Hurling, Lacrosse, Touch an Ultimate.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

De President vun der LFSF ass de Pit Bingen.

Membere vun der LFSF[3][änneren | Quelltext änneren]

  • Association luxembourgeoise de foot-golf
  • Gaelic Sports Club Luxembourg
  • Luxembourg Flying Disc Federation
  • Luxembourg Lacrosse Federation
  • Touch Luxembourg

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F11670 agedroen
  2. LFSF Welcomes 5th Member, New Executive Team. Chronicle.lu. Gekuckt de(n) 2023-12-17.
  3. 14/03/2022 – Liste des membres - ASBL (lbr.lu)