Op den Inhalt sprangen

Lynn Bei

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lynn Bei
Gebuer 4. August 1988
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Golkipp
Veräin/Ekipp Lëtzebuergesch Dammefoussballnationalekipp,
FC Monnerech,
Progrès Nidderkuer,
CS Uewerkuer,
FC Mamer 32 (Dammen)

D'Lynn Bei, gebuer de 4. August 1988 zu Esch/Uelzecht[1],[2], ass eng lëtzebuergesch Foussballspillerin, déi als Golkipp gespillt huet. Si war eng Spillerin vum FC Mamer 32[3].

Sportlech Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

D'Lynn huet als Kand an hirem Heemechtsveräin dem FC Monnerech ugefaange mat spillen, ier si 2000 bei d'Damme vum Progrès Nidderkuer gewiesselt ass. Vun 2002 bis 2010 huet si beim CS Uewerkuer gespillt, wou hinnen den Opstig an déi éischt Liga gelongen ass a si eng ganz Rëtsch Finallen erreecht hunn. Vun 2010 un, huet se beim FC Mamer an der éischter Ekipp gespillt, déi 2010 d'Halemeeschterschaft an 2017 d'Coupe gewonnen huet.

Vun 2008 bis 2020 war si fir d'FLF am Asaz, an huet 2014 an 2015 bei de Prequalifikatioune véiermol fir d'lëtzebuergesch Dammefoussballnationalekipp gespillt[3].

2020 huet d'Lynn Bei verletzungsbedingt net méi gespillt a sech aus dem aktive Foussball zeréckgezunn.


Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (de)Lynn Bei. sport.de. Gekuckt de(n) 29.06.2021.
  2. (de)Lynn Bei. weltfussball.de. Gekuckt de(n) 29.06.2021.
  3. 3,0 3,1 Bei_Lynn.html. www.fussball-lux.lu. Gekuckt de(n) 29.06.2021.