Méchelskierch vu Kanech

Vu Wikipedia
Kierch vu Kanech
Parkierch vu Kanech (2013)

Parkierch vu Kanech (2013)
Parkierch vu Kanech (2013)
Uertschaft / Plaz Kanech
Par Dräilännereck
Musel a Ganer
Saint-Nicolas
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Méchel
Baujoer 1898
Koordinaten 49° 36’ 39.3’’ N
      06° 19’ 29.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Méchelskierch zu Kanech ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Lenneng gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Méchel, deem säi Fest den 29. September gefeiert gëtt.

Se steet an der rue de l'église ganz am Norde vun der Uertschaft op enger vun den héchste Plaze vum Duerf. De Kierfecht ass nieft der Kierch ugeluecht.

Nieft der Kierch steet e Monument zu Éiere vum Jean-Joseph Koppes, Bëschof vu Lëtzebuerg, deen 1843 zu Kanech gebuer gouf.

D'Tuermauer vun der Méchelskierch krut 2017 op 3 Säiten nei Zifferblieder. Am Mee goufen déi al Zifferblieder erofgeholl an am Juli respektiv August 2017 goufen déi nei montéiert.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch vu Kanech huet dräi Klacken am Tuerm hänke mat der Dispositioun La, Sol, Fa Dièse (oder och b' as' ges' genannt). Se goufen 1887 vun der Klackegéisserei Mabilon vu Saarburg gegoss.

Ënnert der Klackestuff steet eng grouss Vitrinn mat engem alen Auerwierk dat fréier manuell opgezu gouf. Haut funktionéiert d'Auerwierk vun der Kierch automatesch.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Méchelskierch vu Kanech – Biller, Videoen oder Audiodateien