Mémorial aux forestiers

Vu Wikipedia
De Mémorial aux forestiers an der Forêt de Soignes

De Mémorial aux forestiers op hollännesch, Boswachtersmonument ass e Monument an der Forêt de Soignes südlech vun Uccle, an eng ronn 2.000 Meter nordwestlech vum Hippodrome Groenendaal, an enger trapezfërmeger Bëschparzell, där hir Grenze gemaach ginn duerch: Drève de Harras am Osten, Drève des Bonniers am Süden, Drève de Lorraine am Westen, an d'Drève Saint-Hubert am Norden.

Et besteet aus engem Dolmen ëm deen an engem Krees eelef Puddingfielsbléck aus der Géigend vu Stavelot-Malmedy stinn.

D'Monument gouf 1920 opgeriicht, an den 30. Mee ageweit, fir un déi eelef belsch Fierschteren z'erënneren déi am Éischte Weltkrich ëm d'Liewe koumen, sief et als Zaldot oder vun de Preisen erschoss, an zwar:

  • Jean-Pierre-François Bieuvelet Fierschter vun Thibessart, erschoss mat sengem Bouf den 22. August 1914
  • Gustave-René Coulon, Fierschter zu Étalle, erschoss den 22. August 1914.
  • François-Joseph-Jules Cozier, Forstbrigadier zu Rossignol, erschoss zu Arel de 26. August 1914, mat nach 108 Männer an enger Fra vu Rossignol, well se sollten op d'Preise geschoss hunn. Fir de Cozier an al déi aner gouf och e Monument zu Rossignol selwer opgeriicht.
  • Servais Dauchy, Fierschter zu Westoutre, erschoss am Oktober 1914 virun der Kierfechtspaart, well e seng Pistoul bei sech hat.
  • Pierre-Jacques-Félix Graisse, Fierschter zu Latour, erschoss de 24. August 1914, zesumme mat 70 Männer vu Latour, wéi se op d'Schluechtfeld gaange sinn, fir déi Doudeg ze begruewen.
  • Arthur-Joseph Liégeois, Fierschter zu Daverdisse, als Zaldot gefall den 22. Februar 1918.
  • Philippe-Augustin-Joseph Marinier, Fierschter zu Forges, Kaperol am 1er Chasseurs à pied, blesséiert den 22. Oktober 1914, mat der belscher Croix de Guerre dekoréiert, gefall um Schluechtfeld zu Kolliemolenhoek-lez-Roulers, den 3. Oktober 1918.
  • Alphonse Orban, Fierschter zu Villez-Laroche, Zaldot am 14ème de ligne, gefall zu Ramscapelle am November 1914.
  • Charles-Valère Peygnard, Fierschter zu Étalle, gefall als Zaldot am Dezember 1917.
  • Alphonse-Emile Robert, Forstbrigadier zu Anloy, erschoss den 23. August 1914.
  • Albert-Antoine-Ghislain Simon, Fierschter zu Soulme, Cyclistenzaldot am 13ème de ligne, gefall bei Namouer am August 1914.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]