Mouvement réformateur
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) MR)
Logo | Parteizentral |
---|---|
Avenue de la Toison d'Or, 84-86 1050 Ixelles Belsch | |
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 1846 (Parti libéral) 1961 (PLP-PVV) 1971 (PLP) 1979 (PRL) + 1992 (FDF) + 1998 (MCC) = 2002 (MR) |
Memberen a: | 35.0001 (2015)[1] |
President: | Georges-Louis Bouchez |
Ideologie: | liberal |
Faarwen: | blo |
Europäesch Affiliatioun: | ALDE |
Websäit: | mr.be |
Remarken | |
1 Déi Zuel ass fir d'Memberen an d'Sympathisanten zesummen. 2013 gouf et 23.500 Memberen, déi cotiséiert hunn. |
De Mouvement réformateur (MR) ass eng liberal Partei an der Belsch, déi an de frankophone Regiounen (Wallounien mat der däitschsproocheger Communautéit an Haaptstadregioun Bréissel) aktiv ass.
Si ass 2002 aus véier Parteien (PRL, PFF, FDF an MCC) fusionéiert. Et sinn dat:
- D'PRL (Parti Réformateur Libéral), déi eelst Partei aus der Belsch. Si gouf 1846 als Parti Libéral gegrënnt, an hir Wäerter baséieren op Fräiheet, Humanismus a Gläichheit;
- D'PFF (Partei für Freiheit und Fortschritt) eng däitschsproocheg liberal Partei, déi an den Ostkantone fir d'Wale kandidéiert huet;
- Den MCC (Mouvement des Citoyens pour le Changement) eng Mëtt-riets-Beweegung, déi sech 1998 vum fréiere PSC (Parti social chrétien, haut: Centre démocrate humaniste) ofgespléckt hat,
- Den FDF (Front démocratique des francophones) deen 1964 als Fédéralistes démocrates francophones gegrënnt gouf, war ufanks och mat derbei, ass awer nees 2011 aus dem MR ausgetrueden, well en him net offensiv genuch géint d'Flamen opgetrueden ass.
Um europäesche Plang ass de Mouvement Réformateur an der ALDE vertrueden (3 Deputéiert bei de Wale vun 2014).
Den Olivier Chastel ass aktuell (2016) President vum MR. Bis 2014 war de Charles Michel, aktuell (2016) Premierminister an enger Regierungskoalitioun mat der N-VA, dem Open VLD an dem CD&V de President vum MR.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Offiziell Websäit
- Nicolas Dedecker - Le Mouvement réformateur (Gesicht wéi d'Partei entstanen ass)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ dh.be (online): Les vrais chiffres des adhésions aux partis politiques: le PTB au top, le PS fait flop) (2. Mäerz 2016)