Magellan-Teleskopen

Vu Wikipedia
D'Magellan Teleskopen

D'Magellan-Teleskope sinn zwéin optesch Teleskopen am Las Campanas-Observatoire am Chile.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Si hunn en Duerchmiesser vu jee 6,5 Meter a sinn nom Astronom Walter Baade an dem Philanthrop Landon Clay genannt. Am Géigesaz zu anere Spigelteleskope vun änlecher Gréisst gläicht hir optesch Konstruktioun net dem Cassegrain-Teleskop mä et handelt sech ëm e Gregory-Teleskop. De Primärspigel ass aus Borosilicatglas an huet eng Parabolform mat engem Ëffnungsverhältnes vun 1:1,25. De Sekundärspigel huet en Duerchmiesser vu knapps 1,8 m; zesummen hu s'en Ëffnungsverhältnes vun 1:11. Ee flaachen Tertiärspigel kann de Stralegank op verschidden Instrumenter ëmdirigéieren. D'Teleskop huet eng aktiv Optik, souwéi e System fir d'Kompensatioun vun atmosphäresche Stéierungen, wat och fir eng Vergréisserung vum Bléckwénkel vu 6' op 24' gebraucht ka ginn. D'Teleskopen hunn eng altazimutal Montéierung.

D'Baade Teleskop hat seng éischt Biller de 15. September 2000 an d'Clay Teleskop de 7. September 2002 gemaach.[1].

D'Teleskope goufe vum Carnegie Institution of Washington (haut Carnegie Institution for Science) gebaut a ginn, wéi och aner kleng Instrumenter, vun de Carnegie-Observatoiren zu Pasadena (Kalifornien) betreit.

Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

De „Clay“-Teleskop huet eng Rei spektrograhesch Instrumenter:

  • MagIC, Magellan Instant Camera, en direkten CCD-Bildsensor
  • LDSS3, Low Dispersion Survey Spectrograph, effiziente Wäitfeld Méispalt-Spektrograph
  • MIKE, Magellan Inamori Kyocera Echelle, verloschtaarmen Duebelen Echelle-Spektrograph
  • MIKE Fibers, Glasfaserakopplung fir MIKE fir d'Observatioun vun e puer Objeten

Fir de „Baade“-Teleskop sti follgend Instrumenter zur Dispositioun:

  • PANIC, Persson's Auxiliary Nasmyth Infrared Camera, eng Infraroutkamera
  • IMACS, Inamori Magellan Areal Camera and Spectrograph, eng Wäitfeldkamera a Spektrometer fir e puer Objeten

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Magellan-Teleskopen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Carnegie Institution for Science: The Magellan Telescopes Archivéiert op 2006-02-07. Gekuckt de(n) 2012-06-22.