Maison Flammant (Jonglënster)

Vu Wikipedia
Maison Flammant
D'Haus am Joer 2011
Land Lëtzebuerg
Gemeng Jonglënster
Koordinaten 49°42'55,91"N, 6°14'54,02"O
Statut Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter
Datum vum Bau 1806

D'Maison Flammant ass en Haus zu Jonglënster.

D'Haus, dat ëm 1806 gebaut gouf, huet deem éischte Buergermeeschter vu Jonglënster, dem Jean-Guillaume Flammant gehéiert.[1] 1853 goufen zwou Scheiere gebaut, déi eng direkt un d'Haus, déi aner separat hannert d'Haus. Nom Doud vum Kandskand vum Flammang, 1924, war d'Haus just nach periodesch bewunnt; um Enn vum Zweete Weltkrich stoung do eng amerikanesch Flak.

1979 huet de Landwirtschaftsverband d'Areal kaaft a verlount. De 6. Mäerz 1979 gouf et op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[2]

2000 huet eng brittesch Koppel d'Haus gelount, dat hinne sou gutt gefall huet, datt s'et sechs Joer drop kaaft, an an de Joren dono renovéiert hunn. Wéi de Park mat sengen Orchideeën an ale Beem, an eng Scheier, och verkaaft sollte ginn, fir do e Lotissement drop ze bauen, hunn déi zwee eng Petitioun lancéiert, fir datt och dësen historesche Bestand erhale bleiwe sollt. Um Enn huet d'Gemeng deen Terrain opkaaft.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maison Flammant (Jonglënster) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Stefanie Hildebrand: "Wie der Maison Flammant in Junglinster neues Leben eingehaucht wurde." wort.lu [w+], 21.02.2023.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).