Mandebras

Vu Wikipedia
Mandebras bei Thibessart

D'Mandebras ass eng Baach an der belscher Provënz Lëtzebuerg an de Gemenge Léglise an Habich.

Se huet hir Quell nërdlech vu Gennevaux am Bësch Bois du Chêne op enger Héicht vu 485 Meter. Vun do un, leeft se gréisstendeels a südlecher Richtung duerch de Bësch an duerno duerch e puer suppeg Wisen, laanscht Gennevaux an Direktioun Léglise. En ronn 1.500 Meter vun der Uertschaft ewech leeft se ënner der Nationale 40 erduerch fir zwéi Kilometer duerno op Thibessart ze kommen. Gläich duerno geet et ënner der A 4 erduerch fir dann am Bois de Courtelle op d'Gemengegrenz mat Habich ze stoussen, där se da ronn 1.800 Meter noleeft. Duerno leeft se gréisstendeels duerch de Bësch vu Rulles fir dann, nodeem se ënner der Eisebunnsstreck Sterpenech-Namouer erduerch ass op enger Héicht vun 347 Meter an d'Rulles ze lafen.

Iwwer d'Semois gehéiert se zum Anzuchsgebitt vun der Meuse

D'Mandebras zu Rulles