Op den Inhalt sprangen

Manned Orbiting Laboratory

Vu Wikipedia
Kënschtleresch Illustratioun vum MOL am Orbit
Start vum MOL-Mockups mam Gemini-B-Raumschëff

De bemannte Weltraumlaboratoire Manned Orbiting Laboratory (MOL) vun der USA sollt eng Spionage-Plattform fir d'Iwwerwaachung vum sowjeteschen Territorium ginn. Et war en Deel vum bemannte Raumfaartprogramm vun der US Air Force a gouf den 10. Dezember 1963 als Nofolleg vum X-20 Dyna-Soar-Programm, deen op Äis geluecht gi war, ugekënnegt. Mam Programm gouf awer den 10. Juni 1969 opgehalen, ouni datt e Raumfluch gemaach gouf. D'Missioune sollte mat enger Titan-IIIM-Rakéit gestart ginn, där hir Entwécklung allerdéngs ni fäerdeg gouf.

Déi zweekäppeg Crew vum MOL sollt zesumme mam jeeweilege Raumlaboratoire an engem modifizéierte Gemini-Raumschëff, dat als Gemini-B bezeechent gouf, gestart ginn a bis zu 40 Deeg am All bleiwen. D'Raumschëff war fest mam Laboratoiresmodul verbonnen a wier eréischt um Enn vun der Missioun ofgetrennt ginn, fir souwuel d'Astronaute wéi och d'Filmmaterial op d'Äerd ze bréngen. En Ukoppelen vun anere Raumschëffer, wéi et bei Raumstatioune méiglech ass, war net virgesinn. Nom Zeréckkomme vun der Crew hätt de MOL net nees bemannt kënne ginn.

D'Spionageausrëschtung vum MOL-Projet gouf wärend dem Keyhole-Opklärungssatellitteprogramm als KH-10 Dorian bezeechent. Nodeems mam MOL-Programm opgehale gouf, goufen d'Opklärungsaufgabe vun de parallel entwéckelten, onbemannte KH-9-Hexagon-Satellitten iwwerholl.

Den eenzegen effektive Raumfluch am Kader vum MOL-Programm war déi sougenannt MOL-HSQ-Missioun (Manned Orbiting Laboratory-Heat Shield Qualification). Et war en Testfluch vun engem MOL-Mockup fir d'aerodynamesch Startkonfiguratioun an de modifizéierten Hëtztschutzschëld vum Gemini-B-Raumschëff z'iwwerpréiwen a war den 3. November 1966 mat enger Titan-IIIC-Rakéit vun Launch Complex 40 op Cape Canaveral gestart ginn. D'Landekapsel vum Gemini-B-Raumschëff war d'Gemini-2-Landekapsel, déi schonn eng Kéier geflunn war, a si gouf op eng suborbital Fluchbunn bruecht, wärend d'MOL-Attrapp en Orbit erreecht hat. Amplaz vum eigentlechen MOL gouf en eidelen Titan-II-Dreiffstofftank benotzt, deen e puer Technologieexperimenter hat an am Orbit den Numm OV4-3 krut. Am Kader vun der Missioun goufen och déi dräi kleng Fuerschungssatellitten OV1-6, OV4-1R an OV4-1T ausgesat.

Spezifikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]
Struktur vun der MOL-Raumstatioun
Crew 2 Astronauten
Maximal Missiounsdauer 40 Deeg
Orbit sonnesynchron oder polar
Längt 21,92 m
Duerchmiesser 3,05 m
Kabinevolumen 11,3 m³
Mass 14.476 kg
Notzlaascht 2.700 kg
Energieversuergung Brennstoffzellen oder Solarzellen

Fir de MOL-Projet goufen 1965 aacht, 1966 fënnef an 1967 véier Astronauten ausgewielt.

MOL-Gruppe 1 – November 1965 MOL-Gruppe 2 – Juni 1966 MOL-Gruppe 3 – Juni 1967

No Astellung vum Projet huet d'NASA déi siwen Astronaute vum Projet iwwerholl, dé héchstens 35 Joer al waren (Truly aus Grupp 1, déi ganz Grupp 2 an de Peterson aus der Grupp 3) – ënner anerem de Robert Crippen (Pilot vum éischte Space Shuttle-Fluch STS-1) ab de Richard Truly (Direkter vun der NASA vun 1989 bis 1992). Déi siwen Astronauten si spéider all am Kader vum Space-Shuttle-Programm geflunn; si hu (mat Ausnam vum Peterson) d'Pilote vun den éischte sechs Space-Shuttle-Flich gestallt an hunn zéng spéider Missioune kommandéiert.

Lagerhaus am LC-5/LC-6
MOL-Raumgezei

Iwwer Raumgezei vum MOL-Projet ass relativ wéineg bekannt. NASA-Mataarbechter hunn 2005 e puer Exemplare an engem Lagerhaus vum LC-5/LC-6 vun der Cape Canaveral Air Force Station (CCAFS) a Florida zeréckentdeckt.[1]

Portal Astronomie

  • Almas (sowjetesch militäresch Raumstatioun)
Commons: Manned Orbiting Laboratory – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (en) MOL Raumgezei NASA,