Manon Bertrand

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Manon Bertrand
Gebuer 24. Mee 1954
Aktivitéit Sculpteur
Sprangbur-Skulpture vun der Manon Bertrand am Park bei der Hesper Gemeng

D'Manon Bertrand, gebuer de 24. Mee 1954 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Sculptrice.

D'Manon Bertrand huet op der Académie royale des beaux-arts, Arts plastique et appliqués an op der École supérieure d'architecture et des arts visuels zu Bréissel studéiert.[1] A Mexiko huet si beim mexikanesche Sculpteur Francisco Zúñiga e Stage gemaach.[2]

D'Kënschtlerin wunnt zu Iwwersiren an huet hiren Atelier zu Mënsbech. Si as Member vum Kënschtlerveräin Cercle artistique de Luxembourg.[3]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Ambo (1979) an der Dekanatskierch zu Miersch[4]
  • Skulptur (1987) am Jardín Jesús Reyes Heroles zu Mexiko
  • Monument Arbre des Droits de l'Homme et de l'Indépendance Nationale (1988) zu Schuller
  • Sprangbur (1990 - 1991) am Park bei der Gemeng zu Hesper
  • Stèle du Souvenir (1992) zu Réiser
  • Stèle (1997) an der Dekanatskierch zu Nidderwolz
  • Sprangbur Les lavandières, ageweit 2005, zu Réimech
  • Skulpturenensembel Bichelgréitchen, ageweit 2012, Schoulcampus "an der Dällt" zu Mënsbech[5]

Perséinlech Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1993: Correspondances an der Galerie Municipale d'Esch/Alzette zu Esch-Uelzecht
  • 1995: Art Gallery an der Stad Lëtzebuerg
  • 1996: Galerie de la Ville d'Esch/Alzette zu Esch-Uelzecht
  • 1998: Interférences an der Galerie Municipale d'Esch/Alzette zu Esch-Uelzecht
  • 2001: Galerie Fred Becker an der Stad Lëtzebuerg
  • 2003: Galerie Espace Paragon an der Stad Lëtzebuerg
  • 2004: Galerie "Am Tunnel" vun der Spuerkeess an der Stad Lëtzebuerg / Galerie et Centre de Création "B/C2" zu Beetebuerg
  • 2006: Bank Crédit Suisse an der Stad Lëtzebuerg

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxembourg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 26.
  2. "Bertrand Manon", MediArt, Agence de Promotion Culturelle.
  3. D'Manon Bertrand op der Websäit vum Cercle Artistique de Luxembourg (fr)
  4. "Merscher Dekanatskirche feiert Auferstehung", Luxemburger Wort, 12. Abrëll 1979; "Dekanatskirche Mersch", Luxemburger Wort, 14. Abrëll 1979.
  5. "„Bichelgréitchen“ - Skulptur von Manon Bertrand eingeweiht", Luxemburger Wort, 18. Juli 2012.