Op den Inhalt sprangen

Marcel Flammang

Vu Wikipedia
Marcel Flammang
Gebuer 4. Dezember 1927
Déifferdeng
Gestuerwen 1977
Alter 49 / 50 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Aarbechter
Partei KPL
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber

De Marcel ("Mackes") Flammang, gebuer de 4. Dezember 1927 zu Déifferdeng[1], a gestuerwen Enn Juli/uganks August 1977, war e lëtzebuergeschen Aarbechter, Gewerkschaftler a Politiker (KPL).[2]

Hien huet 1945 ugefaangen, als Schmelzaarbechter op der Hadir ze schaffen, a war do 21 Joer laang Vetrieder vum Aarbechtercomité.[1]

Ausserdeem war de Marcel Flammang Member vum Déifferdenger Gemengerot, zulescht, vun 1976 un, als Schäffen.[1]

Bei de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 gouf hien als Deputéierten an d'Chamber gewielt a bei de Chamberwale vum 26. Mee 1974 erëmgewielt. Hien huet säin Deputéiertemandat bis zu senger Demissioun den 8. Dezember 1975 behal[2] a gouf dunn an der Chamber duerch de Zénon Bernard ersat.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 Zum Tod der Differdinger Schöffen L. Eichhorn und M. Flammang. In: Luxemburger Wort, 130. Jg., n° 182 (10.08.1977), p. 5 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  2. 1 2 Hommage un de Marcel Flammang an der Chambersetzung vum 11. Oktober 1977