Zénon Bernard (1944)
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem 1944 gebuerene Politiker a Foussballspiller. Fir säi Grousspapp mam selwechten Numm, kuckt wgl. Zénon Bernard (1893). |
| Zénon Bernard | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 17. Oktober 1944 |
| Gestuerwen | 20. November 2024 |
| Alter | 80 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Lycéesprofesser, Foussballspiller |
| Partei | KPL |
| Fonctioun | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
|
| |
De Zénon Bernard, gebuer de 17. Oktober 1944 zu Esch-Uelzecht[1], a gestuerwen den 20. November 2024[2][3] war e lëtzebuergesche KPL-Politiker, Lycéesprofesser a Foussballspiller.
Hien huet bei der Fola Foussball gespillt a war President vun der Spora.[4]
Vun 1975[5] bis 1979 war hien Deputéierten an der Chamber. 1979 ass hie fir de René Urbany an de Stater Gemengerot nogeréckelt. 2011 bis 2017 war hie Member vum Escher Gemengerot.[4]
Den Zénon Bernard war zanter 1971 Member vun der KPL. Vun 1976 bis 2019 war hien do Member vum Zentralkomitee an tëschenduerch och Member vum Exekutivkomitee a Vizepräesident.[3]
Hie war den Enkel vum Politiker a Resistenzler Zénon Bernard (1893-1942).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Zénon Bernard (1944) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Mémorial C — N°1832 vum 30. September 2006, S. 87895
- ↑ "Fréiere KPL-Deputéierten Zénon Bernard am Alter vun 80 Joer verscheet." rtl.lu, 28.11.2024.
- 1 2 Ali Ruckert: "Genosse Zénon Bernard verstorben." zlv.lu, 30.10.2024.
- 1 2 Blog. Personalie: "Zénon Bernard". d'Lëtzebuerger Land 71. Jg., Nr.48, 29.11.2024, S.7.
- ↑ Chambre des Députés, 27e seánce (10. Dezember 1975).
