Maria Mitchell

Vu Wikipedia
Maria Mitchell
Gebuer 1. August 1818
Gestuerwen 29. Juni 1889
Lynn
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom, Bibliothecaire, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Naturalist
Member vun American Philosophical Society, American Academy of Arts and Sciences, American Association for the Advancement of Science

D'Maria Mitchell, gebuer den 1. August 1818 zu Nantucket am Massachusetts, a gestuerwen den 28. Juni 1889 zu Lynn am Massachusetts, war eng US-amerikanesch Astronomin, déi sech och dofir agesat huet, datt d'Frae gläichberechtegt an den Naturwëssenschafte fuersche kéinten.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Maria Mitchell krut vun hirem Papp, engem Amateurastronom a Schoulmeeschter, als Kand Stonnen an der Mathematik an an der Astronomie. 1835 huet si mat siwwenzéng Joer eng eege Schoul fir Meedercher opgemaach.

1847 huet si e Koméit entdeckt, dee spéider no hir Mitchell-Koméit genannt gouf. 1848 gouf si als éischt Fra an d'American Academy of Arts and Sciences opgeholl an 1850 an d'American Association for the Advancement of Science. Si gouf op eng jett Konferenzen a Kongresser invitéiert, fir do Presentatiounen ze maachen, an huet op hire Reesen duerch Europa eng ganz Rëtsch Wëssenschaftler begéint, dorënner och den Alexander von Humboldt. 1865 gouf si, nees als éischt Fra, Professesch fir Astronomie um renomméierte Vassar College. 1869 gouf si Member vun der American Philosophical Society. Si huet fir den Nautical Almanac Office geschafft a fir deen d'Joerbuch vun der US Navy opgestallt, mat deem Navigateuren d'Positioune vu Stären a Planéiten nosiche konnten.

An der Mathematik huet si sech mat der Hypothees vum Fermat beschäftegt an eng Recherche iwwer d'Sophie-Germain-Primzuele publizéiert.

1875 gouf d'Marie Mitchell Presidentin vun der American Association for the Advancement of Women (AAW), déi se 1873 gegrënnt hat. Si war bis 1888 Professesch um Vassar College.

No hir goufen, nieft engem Koméit, och en Asteroid ((1455) Mitchella) an e Moundkrater (Mitchell) genannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Phebe Mitchell Kendall: Maria Mitchell. Life, Letters, and Journals. Lee and Shepard, Boston 1896 (Digitalisat, E-Text)
  • Charlotte Kerner: Sternenflug und Sonnenfeuer: Drei Astronominnen und ihre Lebensgeschichte. Beltz & Gelberg, Weinheim/Basel 2004, S. 138–208. ISBN 978-3-407-80935-3.
  • Caterina Lobenstein: Sie griff nach den Sternen, in: Die Zeit, 23. Januar 2014, S. 33.
  • Helen L. Morgan: Maria Mitchell, First Lady of American Astronomy. Presbyterian Pub Corp, 1977, ISBN 0-664-32614-5.
  • Stephanie Sammartino McPherson: Rooftop Astronomer: A Story about Maria Mitchell Creative Minds Biography, Carolrhoda 1990, ISBN 978-0-87614-410-7.

Um Spwaeck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maria Mitchell – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]