Sophie Germain

Vu Wikipedia
Sophie Germain
Gebuertsnumm Marie-Sophie Germain
Pseudonym Antoine Auguste Le Blanc
Gebuer 1. Abrëll 1776
Paräis
Gestuerwen 27. Juni 1831
Paräis
Doudesursaach Broschtkriibs
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit Göttingen
Aktivitéit Mathematiker, Physiker, Philosoph
Famill
Papp Ambroise-François Germain

D'Marie-Sophie Germain, gebuer den 1. Abrëll 1776 zu Paräis an och do gestuerwen de 27. Juni 1831 war eng franséisch Mathematikerin a Philosophin. Si ass bekannt fir den Theorem, deen no hir genannt gouf, sou wéi och fir hir Korrespondenz mam Carl Friedrich Gauß a fir hir Aarbechten iwwer d'Elastizitéit.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Sophie Germain kënnt aus enger biergerlecher Paräisser Famill an huet sech scho fréi fir Mathematik begeeschtert a - géint de Wëlle vun hiren Elteren - alles doriwwer gelies, wat se konnt fannen. Méi spéit huet si sech ënner dem Numm vun engem Mann d'Ofschrëfte vun de Course vun der École polytechnique organiséiert, op déi se als Fra net huet däerfe goen. Wéi ee vun hire Proffen, de Joseph-Louis Lagrange dee fläissege "Student" wollt gesinn, huet si sech z'erkenne ginn, an hie gouf dunn hire Mentor.[1]

Si huet e puer Joer laang um Leschten Theorem vum Fermat geschafft a konnt 1804 de Sophie-Germain-Theorem beweisen. 1804 huet si eng Korrespondenz mam däitsche Mathematiker Carl Friedrich Gauß iwwer deen Theorem ugefaangen, bei där si och am Ufank e männleche Pseudonym ugeholl hat, well se gefaart huet, als Fra net eescht geholl ze ginn. Si blouwe bis 1808 a Kontakt, wéi de Gauß e Ruff op eng Universitéit krut.

1811 huet d'Sophie Germain eng éischt Kéier de Concours fir d'Académie des sciences gemaach. D'Thema waren d'Schwéngunge vun elastesche Placken. Si huet sech mat der mathematescher Physik beschäftegt, inspiréiert vun den Experimenter (Klangfiguren) vum Ernst Florens Friedrich Chladni. 1815 huet si e Präis bei engem neie Concours gewonnen, huet deen awer net ugeholl, well aner Mathematiker, besonnesch de Siméon Denis Poisson, hir Aarbecht net honoréiert haten. Nodeem deen och nach verschidde vun hiren Erkenntnesser a sengen eegene Publikatioune verschafft huet, huet si 1821 hiren Artikel iwwer elastesch Surfacë verëffentlecht.

De Gauß huet sech 1831 dofir agesat datt si sollt Éierendokter vun der Universitéit Göttingen ginn. Dozou sollt et awer net méi kommen, well d'Sophie Germain ass e puer Méint virun der Zeremonie u Broschtkriibs gestuerwen.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

No der Sophie Germain goufen e puer Schoule genannt, Héiersäll oder Gebaier vun Héichschoulen, a Stroossen an enger gudder Dose Stied a Frankräich, souwéi an Däitschland zu Neustadt bei Bremen, zu Sankt-Jürgen bei Lübeck an zu Lëtzebuerg am Quartier Zaepert zu Esch-Uelzecht.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Récherches sur la théorie des surfaces élastiques, 1821

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1820. — Recherches sur la théorie des surfaces élastiques
  • 1826. — Remarques sur la nature, les bornes et l'étendue de la question des surfaces élastiques, et équation générale de ces surfaces, Paris, imprimerie de Huzard-Courcier. {{{1}}}
  • 1828. — Discussion sur les principes de l'analyse employés dans la solution du problème des surfaces élastiques, in « Annales de physique et de chimie ».
  • 1831. — Note sur la manière dont se composent les valeurs de y et z dans l'équation, Artikel am Journal für die reine und angewandte Mathematik, Berlin, S. 201-204 ; {{{1}}}.
  • 1831. — Mémoire sur la courbure des surfaces élastiques, Artikel am Journal für die reine und angewandte Mathematik, Berlin, p. 1-29 ; {{{1}}}.
  • 1833 (posthum). — Considérations générales sur l'état des sciences et des lettres aux différentes époques de leur culture, Paris, imprimerie de Lachevardière, précédé (p. 11-16) d'une « Notice sur Mlle Sophie Germain » (nécrologique) par Guillaume Libri. {{{1}}} ; {{{1}}}
  • 1879 (posthume). — Œuvres philosophiques de Sophie Germain, suivies de pensées et de lettres inédites et précédées d'une étude sur sa vie et ses œuvres par Hte Stupuy, coll. « Philosophie moderne », Paul Ritty ; rééd. Librairie de Firmin-Didot et Cie, 1896. Texte sur wikisource. Dodran:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Louise S. Grinstein and Paul J. Campbell (Hrsg.): Women of Mathematics, A Biobibliographic Sourcebook. Greenwood Press, New York 1987, ISBN 0-313-24849-4.
  • Lynn M. Osen: Women in Mathematics. MIT Press, Cambridge (Mass.) 1990, ISBN 0-262-15014-X.
  • Edna E. Kramer: The Nature and Growth of Modern Mathematics. Princeton University Press, Princeton (N. J.) 1983, ISBN 0-691-08305-3, S. 476-477.
  • Edna Kramer: Artikel Sophie Germain in: Dictionary of Scientific Biography
  • Louis L. Bucciarelli, Nancy Dworski: Sophie Germain: an essay in the history of the theory of elasticity, Reidel, Dordrecht - Boston, Mass., 1980
  • Georg Biedenkapp: Sophie Germain, ein weiblicher Denker, Jena: H.W. Schmidt 1910
  • Simon Singh: Fermats letzter Satz. Deutscher Taschenbuch Verlag (1. März 2000), ISBN 978-3-423-33052-7

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Peter Frize: The Bold and the Brave: Sophie Germain, Mileva Marić Einstein and Rosalind Franklin. In: Monique Frize (Hg.): The Bold and the Brave. A History of Women in Science and Engineering. Ottawa: University of Ottawa Press, 2009, S. 264-273.