Marie-Claude Beaud

Vu Wikipedia
Marie-Claude Beaud
Gebuer 22. Februar 1946
Besançon
Nationalitéit Frankräich


D'Marie-Claude Beaud, gebuer 1946 zu Besançon, ass eng Ausstellungscommissairin an Direktesch vu Kulturinstitutiounen.

Vun 1963-1968 huet si Konschtgeschicht an Archeologie studéiert. Duerno huet si op der Universitéit vu Besançon enseignéiert a war vun 1976 bis 1978 Assistent-Ausstellungscommissairin vum Musée vu Grenoble. Duerno war si am Musée vun Toulon agestallt. Tëscht 1994 an 1996 war si Generaldirektesch vum American Center zu Paräis. Duerno, bis 2000, war si Genraldirektesch vun de Muséeë vun der Union centrale des Arts décoratifs (an Direktesch vum Musée de la publicité). Vun 2000 bis Enn 2008 war si Direktesch vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean.

Si krut eng Nominatioun fir am Abrëll 2009 Direktesch vum Nouveau musée national de Monaco ze ginn.

Hiert Markenzeechen ass, keng Oftrennungen z'akzeptéieren. Si ënnerstëtzt Begéignungen, Vermëschungen a Konfrontatiounen tëscht Konschtstiler, -richtungen a medien.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Distinction honorifique pour Madame Marie-Claude Beaud, ancienne directrice du Musée d'Art moderne Grand-Duc Jean