Op den Inhalt sprangen

Marie Juncker-Christnach

Vu Wikipedia
Marie Juncker-Christnach
Gebuer 22. Dezember 1911
Beetebuerg
Gestuerwen September 1988
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP

D'Marie Christnach, bestuet Juncker-Christnach, gebuer den 22. Dezember 1911 zu Beetebuerg, a gestuerwen am September 1988, war eng lëtzebuergesch Lokalpolitikerin.[1]

Si huet sech op lokalem Plang an der LSAP engagéiert, a gouf 1970 als éischt Fra an de Gemengerot vu Beetebuerg gewielt. Si war bis 1975 Gemengeconseillère, a gouf dann nees 1982 erëmgewielt, wou se, och als éischt Fra, bis 1987 Schäffin war.

Si war mam Eisebunner Jean-Pierre Juncker bestuet.

Zu Fenneng gouf, fir u si z'erënneren, eng Strooss no hir genannt.


Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell, wou net anescht uginn: Rue Marie Juncker-Christnach rues-au-feminin.lu, nogekuckt 26.09.2024.