Op den Inhalt sprangen

Mariette Schmit

Vu Wikipedia
Mariette Schmit
Gebuer 4. September 1953
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fechter
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 1996

D'Mariette Schmit, gebuer de 4. September 1953 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Fechterin an Olympionickin.[1]

Si war 1972 mat 19 Joer op den Olympesche Summerspiller zu München als Member vun der Lëtzebuerger Delegatioun am Jugendlager derbäi an huet Lëtzebuerg 1996 op den Olympesche Summerspiller zu Atlanta am Fechte vertrueden.[2]

D'Mariette Schmit war Member vum Cercle grand-ducal an hat sech am Florett spezialiséiert. 1988 huet den deemolege Maître d'armes vum Veräi gemengt, si hätt hiert Potenzial ausgenotzt an hir Karriär wär bal zu Enn gewiescht. De Géigendeel sollt awer antrieden: de belsche Maître d'armes Philippe Simon (1933 - 2024) huet si motivéiert fir an d'Deegen-Disziplin ze wiesselen an duerch säi Rot konnt si hir Leeschtung an de Joren 1989 an 1990 nees däitlech verbesseren.

1991 gouf d'Fechterin an den Elittekader vum COSL opgeholl a blouf bis 1994 do dran. Si hat mat gesondheetleche Problemer ze kämpfen an huet an der Saison 1992 fréizäiteg missen opginn. Am Mäerz 1996 huet si sech um Knéi blesséiert a konnt net um Qualifikatiounstournoi fir d'Olympesch Spiller zu Atlanta matmaachen. Wéinst hire gudde Resultater op den Turnéieren zu Budapest (Plaz 36 ënner 109 Fechter) an zu Legnano (25. vun 107) war si nees virbäi a konnt sech och fir d'Spiller qualifizéieren.

Zu Atlanta huet d'Mariette Schmit am Format vun engem 64er-Tableau (d. h. ouni Gruppefechten) am éischten Tour géint déi 21 Joer al Jeva Vybornova gekämpft, hat awer keng Chance géint d'Ukrainerin an huet mat 8:15 verluer.

  • Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 90-91. ISBN 978-2-9599734-5-1

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. D'Mariette Schmit op der Websäit sports-reference.com
  2. D'Mariette Schmit op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'