Mario Dicato
| Mario Dicato | |
|---|---|
| Gebuer |
18. Juni 1942 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Onkolog, Hematolog |
|
| |
De Mario A. Dicato, gebuer den 18. Juni 1942 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergeschen Dokter a Wëssenschaftler, deem säi Fachgebitt Kriibs- a Bluttkrankheeten (Hematologie an Onkologie) sinn. Hien huet op der Yale School of Medicine an der Harvard University studéiert[2].
Hien huet 1976 ugefaangen am Centre hospitalier de Luxembourg ze schaffen[2] a war vun 1980 bis 1986 den Directeur médical vun deem Spidol.
De Mario Dicato ass Editeur vum Bulletin de la société des sciences médicales, gëtt Konferenzen a Coursen op der Uni Lëtzebuerg an huet eng sëlleg wëssenschaftlech Aarbechte publizéiert.
Hien ass zënter 1992 President vun der Fondatioun Recherche sur le cancer et les maladies du sang[2] an zënter 2009 President vun der Section des sciences médicales vum Institut grand-ducal.
Wierk (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Dicato, Mario. Side Effects of Medical Cancer Therapy : : Prevention and Treatment /. London ; Springer, 2013. Web. ISBN 9780857297877
- Colorectal cancer - Questions & Answers (2004).
- Dicato, Mario. Medical Management of Cancer Treatment Induced Emesis. London: Martin Dunitz, 1998. Print. ISBN 1-85317-267-7
- Lamesch, Alfred, Dicato, Mario et al. Eventrations diaphragmatiques de la coupole droite. s.l: [s.n.], 1981. Print.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ (de) Aus dem Memorial. Luxemburger Wort, 130. Jg., n° 32, p. 9, Digitised by the National Library of Luxembourg (08.02.1977). Gekuckt den 23.12.2025.
- 1 2 3 (en) Mario Dicato. www.linkedin.com. Gekuckt den 23.12.2025.
