Marion Hammang

Vu Wikipedia
Marion Hammang
Gebuer 3. Januar 1964
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 5. Abrëll 2017
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Bodybuilder, Powerlifter

D'Marion Hammang, gebuer als Marion Huberty den 3. Januar 1964 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 5. Abrëll 2017 zu Lëtzebuerg[1],[2], war eng lëtzebuergesch Bodybuilderin a Kraaftsportlerin.

Si huet an den 1990er Joren, zesumme mat der Malou Thill, zu Lëtzebuerg de Kraaftsport markéiert. 1990 an 1992 gouf se zur Sportlerin vum Joer gewielt.

1985 huet se zu Dordrecht hiren éischten Europameeschtertitel gewonnen. 1987 an 1990 hat se an den Europameeschterschafte weider Erfolleger. 1990 huet se d'Weltmeeschterschaft am Bänkdrécke gewonnen. 1992 krut si eng Goldmedail bei der Weltmeeschterschaft zu Gent am Powerlifting an der Kategorie bis 60 kg. 2004 huet se bei de Masters gewonnen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Virdrun Sportlerin vum Joer Duerno
Danièle Kaber
Malou Thill
1990
1992
Malou Thill
Anne Kremer

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Im Alter von 53 Jahren: Marion Hammang ist tot op wort.lu
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 8. Abrëll 2016 S. 81