Op den Inhalt sprangen

Marius Kohl

Vu Wikipedia
Marius Kohl
Gebuer 1952
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fonctionnaire

De Marius Kohl, gebuer 1952 zu Esch-Uelzecht, ass e fréiere Fonctionnaire vun der Lëtzebuerger Steierverwaltung. Hien huet 1977 als rédacteur stagiaire am Steierbüro 12 zu Déifferdeng ugefaangen ze schaffen.[1] 1981 ass en an de Siège vun der Steierverwaltung an der Stad an d'Section des sociétés gewiesselt; hie war uganks am Büro 5[2] an dunn, vun 1984 un, am Büro 6[3]. Vun 1992 bis zu senger Pensionéierung am Joër 2013 war hie Chef an deem Büro 6[4]. Do huet hien Dausendë vun Demanden vu Firmaen traitéiert, déi vun him e virgezunnen Accord iwwer Steieren, e sougenannten tax ruling, kréie wollten. Hien hat dann och de Spëtznumm Mister Ruling. Dës Accorde waren dacks iwwer komplizéiert Konstrukter vu Bréifkëschtefirmen, déi drop erausgelaf sinn, datt déi Firmaen, trotz Milliardenëmsaz, just e minimale Prozentsaz u Steieren hu misse bezuelen.

Besonnesch an den Dokumenter, déi weltwäit am Kader vun der LuxLeaks-Affär bekannt gemaach an an der Ëffentlechkeet debattéiert goufen, daucht säin Numm ëmmer nees op.[5]

De Wall Street Journal, deen en doheem a senger Kiche besicht hat, zitéiert e mam Saz: "Wat ech gemaach hunn, war sécher gutt fir mäi Land, wann och net grad fir seng Reputatioun."[6]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Luxemburger Marienkalender, 1977, p. 200.
  2. Luxemburger Marienkalender, 1981, p. 253.
  3. Luxemburger Marienkalender, 1984, p. 257.
  4. Luxemburger Marienkalender, 1992, p. 355.
  5. Kuckt z. B. Ärger im Steuer-Märchenland. Süddeutsche Zeitung, 6. November 2014; Deutsche Bank: Gewinne fließen um den Globus, NDR, 6. November 2014
  6. Business-Friendly Bureaucrat Helped Build Tax Haven in Luxembourg, Wall Street Journal vum 21. Oktober 2014