LuxLeaks

Vu Wikipedia

LuxLeaks (oder Luxembourg Leaks) ass den Numm, ënner deem zanter dem November 2014 de System vun Tax rulings international bekannt gemaach gouf, deen zu Lëtzebuerg multinational Firme mat der Lëtzebuerger Steierverwaltung ofgeschloss hunn.

Wéi et dozou koum[änneren | Quelltext änneren]

Beispill vun engem Ruling.

80 Journalisten aus 26 Länner, déi am Reseau International Consortium of Investigative Journalists (ICIJ) zesummegeschafft hunn, hunn en halleft Joer laang 28.000 Säiten Dokumenter iwwer méi wéi 1000 Firmen ënnersicht, déi se duerch eng Fuite (en: leak) kritt haten.[1] Dës Dokumenter waren 2010 vun engem Employé vun der Audit- a Steierconseilsfirma PricewaterhouseCoopers (PwC), déi fir déi betraffe Firmen déi Arrangementer gemaach huet, fir sech kopéiert ginn, just ier deen do opgehalen huet mat schaffen. 2012 wier hie vun engem franséische Journalist kontaktéiert an hätt doropshin acceptéiert, him eng Kopie vun alle Rulingen ze ginn.[2],[3] De franséische Journalist Edouard Perrin hat eng éischt Kéier 2012 am Televisouns-Magazine Cash Investigations doriwwer informéiert, allerdéngs ware just e puer Firmen zitéiert ginn. De ganzen Dossier Dokumenter gouf un den ICIJ weiderginn.

D'Originaldokumenter goufen de 5. November 2014 um Site icij.org publizéiert. Eng sëllegen Zeitungen a Medien, dorënner The Guardian, Süddeutsche Zeitung, Financial Times, Le Soir, Norddeutscher Rundfunk a Le Monde hunn an den Deeg duerno doraus zitéiert, an unhand vu bekannte Firmen nogewisen, wéi déi duerch d'Ausnotze vun ënnerschiddleche Steiergesetzer weltwäit an d'Opmaache vu Bréifboîtëfirmae sougutt wéi keng Steiere hu brauchen ze bezuelen. Am Zentrum stoung ëmmer Lëtzebuerg, an do de Bureau des Sociétés 6 am Garer Quartier, deen, am Ee-Mann-Betrib, dës Rulingen ofgeseent huet.[4]

Den 10. Dezember 2014 koum en zweete Pak Dokumenter no, mat 35 weidere Firmen, deen, ausser dem Fait, datt doraus ersiichtlech ass, datt och aner Audit-Firme wéi just PwC sou Rulinge fir hir Clienten opgesat an dem Steieramt virgeluecht hunn, net vill Neies opweises hat.[5]

Allerdéngs si bei deene publizéierten Dokumenter der och derbäi, déi net vun deem Dossier hier kommen, déi de fréiere PwC-Mataarbechter kopéiert hat.[2] Et sinn deemno nach aner ondicht "Sourcen" am Spill.

Schonn am Fréijoer 2014 war bekannt ginn datt d'Europäesch Kommissioun géif ënnersichen, ob dës Zort Tax ruling net vläicht eng Aart vun illegaler Bäihëllef wier. Am Viséier war Amazon a Fiat Finance and Trade zu Lëtzebuerg[6], an och Gesellschaften an Irland an an Holland.

Konsequenzen[änneren | Quelltext änneren]

Den Antoine Deltour mat sengen Affekoten, virum Geriichtssall (Mee 2016).

An enger kuerzfristeg organiséierter Pressekonferenz sot de Premier Xavier Bettel de 6. November, Lëtzebuerg hätt "näischt falsch gemaach", d'Rulinge géifen am Aklang mat nationale Gesetzer stoen, a Lëtzebuerg hätt sech un international Konventioune gehalen. De Finanzminister Pierre Gramegna sot weider, Lëtzebuerg wier just e Rad an engem "internationalen Netz", bei deem all déi aner Länner a Firmae grad sou an der Verantwortung wieren, datt et dee System géif.[7].

Och de de fréiere Premier- a Finanzminister an aktuelle President vun der Europäescher Kommissioun, Jean-Claude Juncker gouf zum Deel an de Medie staark kritiséiert, an huet sech virum Europäesche Parlament an um Sommet vum G20, de 14. November 2014 zu Brisbane, misse justifiéieren.[8]

Den 12. Dezember 2014 gouf den Antoine Deltour, dee fréiere PWC-Employé, zu Lëtzebuerg wéinst Déifstall, Verletzung vum Beruffs- a Geschäftsgeheimnis, Geldwäschen an dem onerlaabten Zougrëff op en Datesystem ugeklot. Säin Affekot huet matgedeelt, datt säi Client bis zu 10 Joer Prisong an eng Geldstrof vu bis maximal 1,2975 Milliounen Euro riskéiert.[9] Den 23. Januar 2015 gouf den Edouard Perrin, och e fréieren Employé vu PwC, wéinst deene selwechte Beschëllegungen ugeklot.[10]

Den Antoine Deltour krut den 3. Juni 2015 de "Präis vum Europäesche Bierger 2015" vum Europäesche Parlament.[11]

De 17. Juni 2015 huet d'Europäesch Kommissioun en Aktiounsplang virgestallt, fir d'Besteierung vun Entreprisen ze reforméieren. Ee Bestanddeel ass eng Propos, déi drop erauslafe soll datt den Entreprisen hire Benefice an deem Land soll besteiert ginn, wou e gemaach gëtt.[12] Et soll verhënnert ginn, datt d'Gewënner sou laang hin an hier transferéiert ginn, bis praktesch keng Steiere méi drop ze bezuele sinn.[13]

Den 21. Oktober 2015 huet d'Europäesch Kommissioun decidéiert, datt d'Firmestruktur an d'Besteierungsgrondlag vu Starbucks an Holland, a vu Fiat Finance and Trade zu Lëtzebuerg, déi vun de respektive Regierunge guttgeheescht gi waren, de facto steierlech Vergënschtegunge fir déi Firme gewiescht wieren. Deemno wiere se eng Staatsbäihëllef, déi no EU-Recht net zoulässeg sinn. Zwou weider Firmen, Apple an Irland, Amazon zu Lëtzebuerg an an der Belsch, wieren nach am Gaang, ënnersicht ze ginn.[14]

De 26. Abrëll 2016 huet de Prozess géint den Antoine Deltour, den Edouard Perrin an en anere fréiere Mataarbechter vu PXC ugefaangen. Kuerz virdrun huet sech e Solidaritéitscomité gegrënnt, fir si z'ënnerstëtzen.[15]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, M., 2014. Luxleaks: Mag sein, dass Luxemburg unter Beschuss steht, doch wer Feind Tor und Tür für den Durchmarsch öffnet, darf sich nicht wundern. Unvorsichtig, abgelenkt, inkompetent. d'Lëtzebuerger Land vum 19. Dezember 2014, Nr. %1/52, S. 10.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: LuxLeaks – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Luxembourg tax files: how tiny state rubber-stamped tax avoidance on an industrial scale." theguardian.com, 5 November 2014 21.01 GMT.
  2. 2,0 2,1 "LuxLeaks : 'J’ai agi par conviction, la cohérence était d'assumer'." liberation.fr, 14 décembre 2014 à 19:59.
  3. "Inculpéierte Fransous huet aus Iwwerzeegung gehandelt" rtl.lu, leschten Update: 15.12.2014, 07:26:59. De Parquet zu Lëtzebuerg huet de fréieren Employé an der Tëschenzäit inculpéiert wéinst Déifstall, Violatioun vum Beruffsgeheimnis, Blanchiment an illegalen Accès zu engem Datesystem.
  4. "Business-Friendly Bureaucrat Helped Build Tax Haven in Luxembourg." wsj.com, 29.10.2014.
  5. "Nei Luxleaks Revelatiounen - International Medien: Ausmooss vill méi grouss wéi geduecht." rtl.lu, leschten Update: 11.12.2014, 06:59:35.
  6. C(2014) 3627 final vum 11.4.2014.
  7. "Luxemburg hat nichts Falsches getan", wort.lu, 6. November 2014 um 11:03.
  8. "Lux Leaks" ist Thema auch in Brisbane." tageschau.de, Stand: 15.11.2014 05:37 Uhr.
  9. Sinner, M., 2014. d'Lëtzebuerger Land vum 19. Dezember 2014, Nr. %1/52, S. 10.
  10. Véronique Poujol: "LuxLeaks: une deuxième inculpation à Luxembourg." Paperjam, 23. 1. 2015.
  11. "Le Prix du citoyen européen pour... Antoine Deltour." wort.lu, 4 juin 2015 à 13:40.
  12. "Der fehlende Teil." Link op den Aktiounsplan op op europa.eu.
  13. "EU-Finanzkommissioun (sic): Nei Strategie, eng direkt Konsequenz vun der Affär LuxLeaks." rtl.lu, 17.06.2015, 13:47:53.
  14. "Kommission stellt Unvereinbarkeit der selektiven Steuervorteile für Fiat in Luxemburg und für Starbucks in den Niederlanden mit dem EU-Beihilferecht fest." Presscommuniqué vun der Europäescher Kommissioun, 21. Oktober 2015.
  15. http://www.solidarite-deltour-perrin.lu .