Mark Rutte
Mark Rutte | |
---|---|
Gebuer |
14. Februar 1967 Den Haag |
Nationalitéit | Holland |
Educatioun | Universitéit vu Leiden |
Aktivitéit | Politiker, Historiker, Enseignant |
De Mark Rutte, gebuer de 14. Februar 1967 zu Den Haag, ass en hollännesche Politiker (VVD). Zanter dem 1. Oktober 2024 ass hie Generalsekretär vun der NATO.
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]De Mark Rutte, deen aus enger chrëschtlecher Famill kënnt, huet vun 1984 bis 1992 Geschicht studéiert. No sengem Geschichtsstudium zu Leyden huet de Mark Rutte bei Unilever geschafft, wou e Gestionnaire a méi spéit Direkter vum Personalservice war. Vun 1988 bis 1991 war de Mark Rutte President vun der liberaler Jugendorganisatioun JOVD. Vun 1993 bis 1997 war hie Kommiteesmember vu senger Partei. 2002 gouf hie Staatssekretär fir Aarbecht a Sozialversécherung an der éischter Regierung vum Jan Peter Balkenende. 2003, no virgezunnen Neiwalen, huet hien déi selwecht Funktioun behalen, gouf dann awer 2004 Staatssekretär fir Beruffsausbildung an Héichschoulen. 2006 gouf hien zum politesche Chef vu senger Partei, der rietsliberaler VVD, gewielt a gouf kuerz duerno, nodeem en d'Regierung verlooss hat, hire Fraktiounschef an der Zweeter Chamber.
2006 gouf et nees fréizäiteg Neiwalen, an d'VVD koum an d'Oppositioun. Bei de Parlamentswale vun 2010 huet d'VVD, där hire Spëtzekandidat de Rutte war, Campagne mat den Theemen 'Erofsetze vun der Staatsschold' a 'méi streng Immigratiounsreegele' gemaach a gouf déi stäerkst Partei.
Premierminister vun Holland
[änneren | Quelltext änneren]Véier Méint no de Wale koum et zu enger Koalitiounsregierung mat der chrëschtlech-sozialer Partei CDA, déi awer keng Majoritéit am Parlament hat an op d'Ënnerstëtzung vum Geert Wilders senger PVV ugewise war. Am Abrëll 2012 huet d'PVV hir Ënnerstëtzung wéinst Meenungsverschiddenheeten zu Spuermoossname beim Staatsbudget refuséiert, an dem Rutte seng Regierung huet missen hire Récktrëtt ubidden.
Bei de virgezunnen Neiwalen am September 2012 krut dem Rutte seng VVD déi meescht Stëmmen, zweetstäerkst Partei war d'Partij van de Arbeid. De 5. November 2012 koum et zu enger Regierung vun enger grousser Koalitioun tëscht deenen zwou Parteien, de Rutte gouf nees Ministerpresident. Insgesamt war hie vun 2010 bis 2024 Ministerpresident (Premierminister) vun Holland.
NATO-Generalsekretär
[änneren | Quelltext änneren]Am Juni 2024 gouf hien zum NATO-Generalsekretär ernannt. Den 1. Oktober gouf hie dem Jens Stoltenberg säin Nofollger.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Mark Rutte – Biller, Videoen oder Audiodateien |