Maureen O'Sullivan

Vu Wikipedia
Maureen O'Sullivan
Gebuertsnumm Maureen Paula O'Sullivan
Gebuer 17. Mee 1911
Gestuerwen 23. Juni 1998
Scottsdale
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller
Famill
Bestuet mat John Farrow
Kanner Mia Farrow, Tisa Farrow, Patrick Villiers Farrow, Stephanie Farrow, Prudence Farrow


D'Maureen Paula O'Sullivan, gebuer de 17. Mee 1911 zu Boyle (haut Irland) a gestuerwen den 23. Juni 1998 zu Scottsdale, Arizona, war eng iresch-US-amerikanesch Schauspillerin.

Si gouf virun allem bekannt fir hir Roll als Jane an enger Rëtsch Tarzan-Filmer, mam Johnny Weissmuller als Partner. Tëscht 1932 an 1942 huet si déi Roll sechsmol gespillt. Aner Filmer, déi se dertëscht gedréint huet, hat manner Succès. No den Tarzan-Filmer huet se sech lues a lues aus dem Filmgeschäft zeréckgezunn, a virun allem am Theater an an Televisiounsserië matgespillt.

1986 hat si am Woody Allen sengem Film Hannah and her Sisters e Comeback; si huet do d'Mamm vun der Figur vun der Mia Farrow gespillt, déi am richtege Liewen hir Duechter ass.

Si war war vun 1936 bis zu deem sengem Doud am Joer 1963 mam Filmregisseur John Farrow bestuet.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maureen O'Sullivan – Biller, Videoen oder Audiodateien