Maurice Cosyn

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Maurice Cosyn
Gebuer 1895
Gestuerwen 1951
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Schrëftsteller, Editeur

De Maurice Cosyn gebuer 1895 a gestuerwen 1951 (anere Quellen no gebuer 1901 a gestuerwen 1968 [1]) war e belschen Ingenieur, deen op der ULB studéiert huet.[2] Hie war an der Promotioun vum Tourissem an der Belsch aktiv, virun Allem beim Touring Club de Belgique. Tëscht den zwéi Weltkricher huet hien d'Sentiers ardennais gegrënnt, d'Virleefer vun de Sentiers de grande randonnée (GR). Hien huet eng Serie vu Wanderguidë publizéiert, déi als "Guides Cosyn" bekannt goufen.

Zu Lëtzebuerg war de Maurice Cosyn den Initiator vun den nationale Wanderweeër. Him zu Éieren ass de Maurice-Cosyn-Pad entstanen, deen iwwer 30 km vu Gilsdref op Iechternach féiert.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Guide des Ardennes belges Chimay, Paul Bradfer & Maurice Cosyn, guides Cosyn

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.recim.org/dem/memor-fr.htm#mcosyn
  2. GR Sentiers • N° 213 • Hiver 2017: 10.