Maus (Comicroman)

Vu Wikipedia
Maus
Land  USA
Sprooch Englesch
Erauskomm
Text Art Spiegelman
Zeechnungen Art Spiegelman

Maus - A survivor's tale ass eng schwaarz-wäiss Graphic Novel an zwéin Deeler vum Art Spiegelman, an där hien autobiographesch d'Geschicht vu sengem Papp, dem Vladek, a senger verstuerwener Mamm, der Anja, an der Zäit vum Holocaust erzielt. Den éischten Deel, My father bleeds history, ass 1986 erauskomm, deen zweeten, And here my troubles began, 1991.

Den Auteur ass de 15. Februar 1948 als Itzhak Avraham ben Zeev zu Stockholm a Schweden op d'Welt komm.[1] Seng Eltere ware polnesch Judden, déi wärend dem Zweete Weltkrich staark ënner dem Regimm vun den Nazie gelidden hunn. 

Am Ufank koumen eenzel Kapitelen an der amerikanescher Zeitung Raw eraus. Déi haten du sou ee grousse Succès, datt den Art Spiegelman sech derzou entschloss huet, dat Ganzt als Buch erauszebréngen. D'Bicher koumen eréischt laang nom Doud vu sengem Papp eraus. 

D'Biller am Comic, déi den Art Spiegelman selwer gezeechent huet, sinn all just schwaarz-wäiss gemoolt. Donieft sinn d'Zeechnungen och minimalistesch gehalen. Vun enger éischter staark ausgeschaffter Skizz ass de Spiegelman op ganz einfach Biller zeréckgaangen. Dat huet hie gemaach, fir datt d'Lieser méi Fräiheeten hunn, wa s'e Buch liesen, a sou hirer Fantasie kënne fräie Laf loossen.[2]

De gréissten Deel vum Text ass op Englesch, mee och Jiddesch an Däitsch kënnt dra vir. Den Titel vum Buch, Maus, ass net op Englesch geschriwwen, mä op d'Däitsch. Dat berout op der Geschicht vum Zweete Weltkrich.

De Comic ass kee Comic mat gezeechente Mënschen, mä d'Figuren an der Geschicht si Mais, déi d'Judden duerstellen, Schwäi fir d'Polen a Kaze fir d'Nazien. Am Fall wou d'Judde sech als ethnesch Polen ausginn, sinn déi als Mais mat enger Schwéngsmask duergestallt.  Am zweeten Deel vum Buch komme weider Nationalitéite wéi z. B. d'Fransousen als Fräschen oder d'Britten als Fësch dobäi.

De Comic erzielt net nëmmen d'Geschicht vum Art sengen Elteren an hire Bekannten, mee och d'Geschicht vum Entstoe vum Comic selwer. 

De ganze Comic vermëttelt Wëssen a reell Erliefnesser. Den Art Spiegelman huet et fäerdegbruecht, de Comic als Medium vu Wëssens- a Kulturvermëttlung ze benotzen. Net zulescht dofir gouf dat Wierk ausgezeechent, wéi och vill anerer vun him. De Kënschtler krut bis 2015 véieranzwanzeg Auszeechnungen[Source?], dorënner 1992 de Pulitzer-Präis / Special Citations and Awards. Et däerf een natierlech och net vergiessen, datt Erënnerunge vu sengem Pap net zu honnert Prozent der Realitéit entspriechen, an datt säi Pap beim Erschafe vum Comic schonn am héijen Alter war, a sou seng Erzielunge warscheinlech mat de Jore scho verblatzt waren. Sou kënnt et, datt säi Pap sech heiansdo widdersprach huet, an den Art dofir och aner geschichtlech relevant Quellen a betruecht gezunn huet fir de Comic ze schreiwen.[3]

Resümmee[änneren | Quelltext änneren]

Déi ganz Geschicht fänkt an der Noperschaft vun New York un. Den Art a säi Papp hate sech laang net gesinn a sinn allebéid frou sech erëm ze treffen.

De Jong freet säi Papp, ob hien e bësse vu senger Vergaangenheet a Polen erziele kéint. En erhofft sech, sou weider Iddie fir säi Buch iwwer d'Liewe vu sengem Papp am Zesummenhang mam Holocaust ze kréien. De Papp setzt sech doropshin op säin Hometrainer a fänkt u mat erzielen.

Wärend dem Zweete Weltkrich koum de Vladek an en Aarbechtslager. Wéi en do bis duerch war, sollt hien zeréck a seng Heemechtsstad Sosnowiec kommen. Déi war awer zu deem Zäitpunkt schonn am annektéierte Gebitt an hie gouf dofir eréischt méi wäit hannert der Grenz um Territoire vum Generalgouvernement erausgelooss. Hien huet sech dunn zeréck iwwer d'Grenz geschlach an op de Wee bei seng Famill gemaach. Do huet hie sech dunn als ethnesche Pol ausginn.

D'Ëmstänn fir d'Judden hu sech zu deem Zäitpunkt ëmmer méi verschlëmmert. Op eemol sinn all d'Judden a Ghettoe gestach ginn an d'Famillje goufen opgespléckt. D'Anja an de Vladek hunn hire Jong, de Richieu, bei e Monni a seng räich Famill ginn, déi nach net vun de Nazie verfollegt ginn ass, fir hien ze schützen. D'Anja an de Vladek sinn dunn och an de Ghetto vu Sosnowiec komm.

Wéi d'Leit bis op Auschwitz deportéiert goufen, huet d'Tatta sech dozou entscheet, fir sech selwer ëmzebréngen, well och si elo betraff waren. Si huet och de Richieu vergëft, fir him dat villt Leed, wat hie soss warscheinlech hätt missen erliewen, z'erspueren. Dat gouf d'Famill Spiegelman awer eréischt vill méi spéit gewuer. Am Ghetto hu si sech an engem Bunker virun den Nazie verstoppt. Wéi de Ghetto opgeléist sollt ginn, an d'Judden alleguer op Auschwitz transportéiert goufen, konnten de Vladek an d'Anja sech nach e bëssi méi laang do verstoppt halen. Och Frënn vun hinne waren do mat ënnerbruecht. Wei et bis méi sécher war, hu si sech erëm eraus getraut a se si geflücht. Ëmmer erëm hu s'op verschiddene Plaze gewunnt, bis se bei enger Flucht iwwer d'Grenz an Ungarn festgeholl goufen. Och si koumen elo op Auschwitz. Do goufe se getrennt.

Do hält Buch dann och op. Wéi et weidergeet, fënnt een am zweeten Deel vum Comic eraus. Well dem Art seng Elteren 1944 op Auschwitz deportéiert goufen, an hien eréischt 1948 op d'Welt koum, weess een, och ouni deen zweeten Deel ze liesen, datt seng Elteren Auschwitz iwwerlieft hunn.

D'Buch hält mat engem Bild vum Itzhak op, wou hien d'Wunneng vu sengem Papp verléisst a Murderer also "Mäerder" viru sech hi grommelt. Dee Schluss baséiert op dem Fakt, datt de Vladek d'Memoirë vun der verstuerwener Mamm verbrannt hat, obwuel si ëmmer sot, datt si gehofft hätt, datt den Itzhak duerch déi Bicher alles besser verstoe géif.

Dëse Schluss vum éischten Deel weist, wéi intensiv den Art sech mam Theema Holocaust auserneesetzt. Et weist wéi staark hien domat verbonnen ass. . Dat ass en Indice fir seng staark Hoffnungen déi hien an déi Memoire gesat hat.

Wichtegst Personnagen[änneren | Quelltext änneren]

Vladek Spiegelman[änneren | Quelltext änneren]

Hien ass de Papp vum verstuerwene Richieu a vum Art. Hien ass een Iwwerliewende vum Holocaust, dee sengem Fils erzielt, wat hien erlieft huet. Hie gëtt als egozentresch, neurotesch a besiess duergestallt. Zousätzlech komme seng rassistesch Iddien ëmmer méi zum Virschäin.

Anja Spiegelman[änneren | Quelltext änneren]

D'Anja war mam Vladek bestuet a si haten zwee Kanner. Si gëtt als sensibel an ängschtlech Fra duergestallt.

1969 huet si sech d'Oderen an der Buedbidden opgeschnidden. Dësen Trauma huet den Art och Joren dono nach net verschafft kritt a gëtt sech mat Schold un dësem trageschen Doud. D'Anja selwer kritt ni eng Haaptroll am Comic, si ass awer eng vun de wichtegste Persounen.

Mala Spiegelman[änneren | Quelltext änneren]

D'Mala ass dem Vladek seng zweet Fra. Si war ni eng grouss Léift vum Vladek a krut och ni een Cent ze vill. D'Mala trëtt ëmmer als streideregt Granzkett op. Mä dat geet och vill vum Vladek aus. Den Art ass duerch déi ganz Geschicht net vill un hir an hirer Geschicht intresséiert.

Art Spiegelman[änneren | Quelltext änneren]

Den Art ass den Auteur, Zeechner an och Duersteller vun der Autobiographie. Hie besicht de Papp reegelméisseg a freet hien iwwer seng Vergaangenheet wärend dem Zweete Weltkrisch aus. Seng Connexioun zum Vladek ass net gutt a bleift och konstant schwiereg. Mä e versteet d'Behuele vu sengem Papp ëmmer méi, och wann hie mat dem deels rassisteschen Denke vun sengem Papp net Eens gëtt.

D'Zeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Et fält op, datt net all Maus an der Geschicht ee Schwanz huet. De Vladek huet ëmmer een, sou och all d'Kanner. Mee vill aner Mais hunn heiansdo een an heiansdo keen. Fir de Spiegelmann symboliséiert de Schwanz d'Judden an der Gefor. Just déi Mais, déi knapps virun der Entdeckung vun de Nazie stoungen, goufen duerch dëse Schwanz markéiert.[4]

Mee och d'Säiten 100-103 stellen eng bedeitend Ausnam duer. Op dëse Säite verëffentlecht de Spiegelman ee scho publizéierte Strip vun 1973. Et handelt sech ëm Prisoner on the hell planet, bei deem et ëm de Suizid vu senger Mamm geet. Hien erënnert sech dodran un den Oflaf vun den Deeg nom Suicide. De Vladek huet erwaart, datt den Art hie berouege géif. Hien huet verlaangt, datt si sollten no enger aler jiddescher Traditioun um Buedem schlofen. An den Art gëtt sech d'Schold um Doud vun senger Mamm. Anerersäits reegt hie sech och doriwwer op, datt seng Mamm hie mat ëmbruecht hätt. Seng Gedanken halen hien an engem Prisong fest.

Aussergewéinlech ass hei net nëmmen, datt dëse Comic an engem aneren Comic opdaucht, mee och d'Schreif- an d'Mol-Aart a Weis ass eng aner, wéi gewinnt ass. Scho dem Vladek seng Ausso, datt et vill Bicher brauche wäert, fir seng Geschicht fest ze halen, deit dorop hin, datt de Papp vum Art net vu senger Iddi iwwerzeegt ass.

Hannergrond[änneren | Quelltext änneren]

De Comic gouf geschriwwen, fir mat der Existenz als Jong vun engem Holocaust-Iwwerliewenden Eens ze ginn. Oft gëtt just a Betruecht gezunn, datt déi Iwwerliewend een Trauma hunn. Mee och e Kand vun engem Iwwerliewende kritt dacks eng ganz aner Erzéiung. Duerch d'Opschaffe vu sengem Papp senger Vergaangenheet léiert och den Art Spiegelman besser ze verstoen, firwat seng Vergaangenheet sou war wéi se war. Kanner vun Holocaust-Iwwerliewende kréien duerch Erzielunge ganz vill mat, an hunn doduerch och een anere Bezuch zum Ganzen.

Fir seng Recherchen ass den Art Spielmann op déi verschidde Plaze vun der Handlung gereest, souwuel déi al Heemechtsstad vun der Famill, Sosnowiec, wéi och d'Konzentratiounslager Auschwitz. An der Zäit vun deene Recherchen ass de Vladek gestuerwen, a krut deemno dat endgültegt Buch net méi mat.

Den Art Spiegelman um Salon du livre zu Paräis, 2012.

Duerch all déi Joren, duerch déi den Art Spiegelman gaangen ass, bis en d'Wierk fäerdeg hat, hat en och ëfters Blokaden, an huet dofir een Therapeut opgesicht. Wat hien awer am meeschten aus der Bunn geheit huet, war, wéi seng Mamm sech d'Liewe geholl huet. Wéi hien dunn och nach wousst, dass seng Mamm Memoirë geschriwwen hat, vun deenen awer näischt erhale blouf, well de Papp se verbrannt hat, ass den Art u seng Grenze gestouss. En huet laang probéiert, d'Ofwiesenheet vu senger Mamm ze fëllen; ze wëssen, dass dat mat dëse Memoirë vläicht geklappt hätt, deet him schwéier.

Och gouf hie gefrot, firwat hien Déieren als Representatioun vun der Situatioun geholl hätt. Seng Äntwert war:

"I need to show the events and memory of the Holocaust without showing them. I want to show the masking of these events in their representation.[5]"

Op Lëtzebuergesch:

"Ech muss d'Evenementer an d'Erënnerung vum Holocaust weisen ouni se direkt ze weisen. Ech wëll d'Maskerad vun dësen Eventer an hirer Representatioun weisen."

Literature[änneren | Quelltext änneren]

SPIEGELMAN, Art, Maus I: A survivor's tale. My father bleeds history, 1986, London.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. JACOBOWITZ, Susan, SPIEGELMAN Art, "Words and Pictures Together": An Interview with Art Spiegelman, IN:Writing on the Edge, Vol. 6, No. 1 (Fall 1994), S. 49
  2. EWERT, Jeanne C., Reading Visual Narrative: Art Spiegelman's "Maus", IN: Narrative, Vol. 8, No. 1 (Jan., 2000), S. 97.
  3. EWERT, Jeanne C., Reading Visual Narrative: Art Spiegelman's "Maus", IN: Narrative, Vol. 8, No. 1 (Jan., 2000), S. 88.
  4. EWERT, Jeanne, C.,Reading Visual Narrative: Art Spiegelman's "Maus", IN: Narrative, Vol. 8, No. 1 (Jan., 2000), S. 98.
  5. YOUNG, James E., The Holocaust as Vicarious Past: Art Spiegelman's "Maus" and the Afterimages of History, IN: Critical Inquiry, Vol. 24, No. 3 (Spring, 1998), S.687.