Max Beckmann
Max Beckmann | |
---|---|
Gebuer |
27. Februar 1884 Leipzig |
Gestuerwen |
27. Dezember 1950 New York |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Moler, Sculpteur, Bauzeechner, Graveur, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Illustrateur |
Member vun | Bayerische Akademie der Schönen Künste, Berliner Secession |
De Max Carl Friedrich Beckmann, gebuer den 12. Februar 1884 zu Leipzig, a gestuerwen de 27. Dezember 1950 zu New York, war en däitsche Moler, Grafiker, Sculpteur, Auteur an Héichschoul-Enseignant. De Beckmann huet en eegene Stil entwéckelt, deen op der Molerei vum 19. Joerhonnert baséiert, an och der konschgeschichtlecher Traditioun, an deen, anescht wéi vill aner modern Moler vu senger Zäit (Matisse, Picasso oder Kandinsky), net abstrakt, mä figurativ gemoolt huet, mat dacks staarke Konturen, ouni awer all ze realistesch ze sinn.
Hie war ufanks Moler vun der Berliner Sezessioun, huet dës awer geschwënn nees verloooss a baussent vu Kollektiver geschafft. Am Éischte Weltkrich war hien Infirmier, a krut 1915 en Nervekollaps. D'Brutalitéit vum Krich fënnt sech och an de graffe Lithographië vun deemools erëm.
Nom Krich huet hien nieft der Molerei och Theaterstécker a Gedichter geschriwwen. 1924 ghuet hie sech no der Trennung vu senger éischter Fra fir d'zweet bestuet, mat der Mathilde, genannt Quappi, déi eng vun den am dackste gemoolten a -gezeechente Fraen an der Konschtgeschicht sollt ginn. Enn vun den 1920er Jore war hien an Daitschland e Moler vu grousser Renomée. Ënner der Naziherrschaft war et séier domat eriwwer; en huet seng Plaz als Enseignant op der Frankfurter Städelschule verluer, a seng Molerei gouf als ["[entartete Kunst|entartet]]" apostrophéiert. 1938 ass hien an den Exil op Amsterdam gaangen, wou en den Zweete Wetkrich iwwer bliwwen ass.
1947 krut hien a seng Fra e Visa fir d'Vereenegt Staate vun Amerika. Hien huet do op der Art School vun der Washington University zu St. Louis enseignéiert, an hat do am Saint Louis Art Museum eng grouss Retrospektiv. 1949 krut hien eng Professur op der Art School vum Brooklyn Museum zu New York. Do ass en Enn 1950 duerch en Häerzinfarkt, matzen op der Strooss, stënterlech gestuerwen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Katalogen
[änneren | Quelltext änneren]- Hans Martin Freiherr von Erffa (Hrsg.): Barbara Göpel an Erhard Göpel: Max Beckmann. Katalog der Gemälde. 2 Bände, Bern (Schriften der Max Beckmann Gesellschaft 3) 1976
- James Hofmaier: Max Beckmann. Catalogue raisonné of his Prints. 2 Bände, Bern 1990.
- Stephan von Wiese: Max Beckmann. Das zeichnerische Werk 1903–1925. Düsseldorf 1978.
- Mayen Beckmann, Siegfried Gohr (Hrsg.): Max Beckmann. Aquarelle und Pastelle. Werkverzeichnis der Arbeiten auf Papier. Köln 2006.
- Benno Reifenberg und Wilhelm Hausenstein: Max Beckmann, Werke und Leben/Der Maler in dieser Zeit, Verlag: R. Piper & Co. München 1949, Satz und Druck: Hoffmannsche Buchdruckerei Felix Krais, Stuttgart.
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]- Stephan Reimertz: Max Beckmann: Biographie. Luchterhand, München 2003.
Monographien zu sengem Gesamtwierk
[änneren | Quelltext änneren]- Peter Beckmann: Max Beckmann – Leben und Werk. Stuttgart/Zürich 1982.
- Stephan Lackner: Max Beckmann. München 1983.
- Reinhard Spieler: Max Beckmann 1884–1950 – Der Weg zum Mythos. Köln 1994.
- Uwe M. Schneede: Max Beckmann. Der Maler seiner Zeit. München 2009
- Stephan Reimertz: Max Beckmann. (rororo-Monographie). 5. Auflage. Rowohlt, Reinbek 1995. 2009.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Max Beckmann – Biller, Videoen oder Audiodateien |