Wassily Kandinsky

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Wassily Kandinsky, (ëm 1913).
Composition 7 (1913).

De Wassily Kandinsky[1], gebuer als Василий Васильевич Кандинский/Wassili Wassiljewitsch Kandinski de 4. Dezemberjul./ 16. Dezember 1866greg. zu Moskau a gestuerwen den 13. Dezember 1944 zu Neuilly-sur-Seine, war e russesche Moler, Graphiker a Konschttheoretiker, deen och an Däitschland an a Frankräich gelieft a geschafft huet.

De Kandinsky war e Kënschtler vum Expressionismus an ee vun deenen déi de Wee hin zu der abstrakter Konscht virbereet hunn.

De Kandinsky huet no 1886 zu Moskau op der Lomonossow-Universitéit Droit, Ekonomie an Ethnologie studéiert. Während dem Studium huet hie vill gemoolt, an déi mythesch, abstrakt Zeechnunge vun den Trommele vun engem Ur-Vollek a Sibirien hunn hie begeeschtert. Hien huet de juristeschen Staatsexamen gemaach a seng Cousine Anja Tschimiakin bestuet>. Hine huet och nach en Doktorat an Droit gemaach, mä no engem Joer am akademesche Milieu hat hien es genuch a goung 1896 op München, do Molerei ze studéieren.

1901 war hie mam Wilhelm Hüsgen ee vun de Grënner vum Kënschtlerkollektiv Phalanx an der "Schule für Malerei und Aktzeichnen", déi dozou gehéiert huet. 1902 gouf de Kandinsky eng éischte Kéier an der Berliner Secession ausgestallt. 1903 bis 1904 ass hien uechter Italien, Holland an Nordafrika gereest, sou wéi och op Paräis. Vun 1904 u war och am Salon d'Automne derbäi. 1906 bis 1907 huet hien zu Sèvres bei Paräis gelieft. 1908 ass e mat senger Frëndin nees hannescht op München gaangen. Do nobäi, zu Murnau am Staffelsee huet hien am Summer 1908 d'Marianne von Werefkin an den Alexej Jawlensky kennegeléiert, duerch déi dem Kandindky seng Molerei en impressionistesche Stil krut, deen net laang duerno ëmmer méi a Richtung Expressionismus goung. Hien huet do och de Rudolf Steiner kennegeléiert, deem seng Theosophie (méi spéit Anthroposophie) hien och duerno inspiréiert a beaflosst hunn.

De Kandisnky gouf Member a war vun 1909 bis 1011 President vun der N.K.V.M., huet dës awer nees verlooss, fir, zesumme mam Franz Marc, Der Blaue Reiter ze grënnen. Den 18. Dezember 1911 hat Der Blaue Reiter seng éischt Ausstellung zu München. Gläichzäiteg koum dem Kandinsky säi Buch Über das Geistige in der Kunst, insbesondere in der Malerei eraus, en halleft Joer drop den Almanach Der Blaue Reiter.

1913 huet de Kandinsky an der Armory Show zu New York säi Bild Improvisation Nr. 27 ausgestallt, an hie war och um Erster Deutscher Herbstsalon zu Berlin mat dobäi. Den 3. August 1914 huet hien, well e Russ war, missen an d'Schwäiz flüchten, vu wou aus en op Moskau goung.

Do huet hien enseignéiert an d'Akademie vun de Konschtwëssenschafte gegrënnt. 1918 gouf hie Member vun der Sektioun vun de visuelle Konschten (IZO) am Narkompros. 1920 gouf hien den éischten Direkter vum Institut fir Kënschtleresch Kultur (Институт Художественной Культуры, kuerz: ИНХУК; InChuK) zu Moskau. No der Russescher Revolutioun huet hie säi Verméige verluer.

Hien ass dann och ëmmer manner eens ginn mat den Aschränkunge vun der Konschtfräiheet duerch déi nei sowjetesch Hären a Meeschteren. 1921 ass de Kandinsky mat senger neier Fra, déi en 1917 bestuet hat, iwwer Riga op Berlin emigréiert, vu wou aus en am Juni 1922, am Atelier fir Wandmolerei vum Bauhaus zu Weimar Course ginn huet. Bis op 12 Biller huet hie säi Wierk missen zu Moskau loossen.

De Kandinsky huet bis 1933, wou d'Nationalsozialisten d'Bauhaus zougemaach hunn, zu Weimar, Dessau a Berlin fir d'Bauhaus geschafft, Zu Dessau huet hie nieft dem Paul Klee an engem vun de Meisterhäuser vum Bauhaus gewunnt. 1924 huet e mam Lyonel Feininger, dem Paul Klee an del Alexej von Jawlensky d'Kënschtlergrupp Die Blaue Vier gegrënnt. 1926 huet hien den theoreteschen Essay Punkt und Linie zu Fläche geschriwwen.

1930 ass hien zu Dessau dem Solomon R. Guggenheim begéint. deen him no an o bis zu 150 Wierker ofkaaft huet, déi haut am Guggenheim-Museum zu New York ze gesi sinn.

1933 ass de Kandinsky mat senger Fra virun den Nazie fort aus Däitschland op Neuilly-sur-Seine bei Paräis geplënnert. En hat Krämpes, do Fouss ze faassen, well abstrakt Konscht net ugesot war (do waren éischter de Kubismus an de Surrealismus ugesot). 1934 hat hie mat der Bewegung Abstraction-Création eng Ausstellung zu Paräis, an 1936 war hie bei den Ausstellungen Abstract and Concrete zu London a Cubism and Abstract Art zu New York mat dobäi. 1939 huet d'Koppel déi franséisch Nationalitéit ugeholl.

1937 goufe 57 vu senge Wierker vun den Nationalsozialisten aus däitsche Muséeë konfiskéiert a 14 dovun an der Ausstellung Entartete Kunst lächerlech gemaach. Am selwechte Joer war hien zu Paräis an der Ausstellung Origines et Dévelopement de l'Art International Indépendant am Musée Jeu de Paume dobäi. 1944 war an der Paräisser Galerie l'Esquisse déi lescht Ausstellung, déi hien nach materliewe konnt.

Dem Kandinsky seng Biller hunn op enger Faarwentheorie baséiert, woubäi verschiddener zoueneen am Kontrast stoungen:

  • Blo (kal, Himmel, Iwwersënnleches, Onendlechkeet a Rou, konzentresch) – Giel (waarm, ierdesch bis zu opdrénglech, aggressiv, exzentresch)
  • Schwaarz (donkel) – Wäiss (hell)
  • Rout – Gréng
  • Orange – Mof

De Kandinsky huet och, nom Prinzip vun der Synesthesie, Faarwen mat anere Sënnesandréck associéiert, wéi z. B. "Blo" mat "duuss" an "aromatesch", "Giel" do dergéint mat "schaarf“ a "pickeg".

Ausserdeem huet hie bestëmmt Faarwe mat Formen a Verbindung gesat:

  • Blo – Krees
  • Rout – Quadrat
  • Giel – Dräieck

D'Synästhesie huet hien och derzou bruecht, Gemooltes mat Musek z'associéieren; hien huet Kläng gemoolt a Gemooltes héieren: Knallgiel géif dem hellen Toun vun enger Trompett entspriechen, hellblo deem vun enger Flütt, Donkelblo deem vun engem Cello, asw.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1903: Gabriele Münter beim Malen in Kallmünz, München, Städtische Galerie im Lenbachhaus
  • 1909: Friedhof und Pfarrhaus in Kochel, München, Lenbachhaus
  • 1909: Murnau – Aussicht mit Eisenbahn und Schloss, München, Lenbachhaus
  • 1909: Murnau mit Regenbogen
  • 1909: Grüngasse in Murnau, München, Lenbachhaus
  • 1910: Murnau – Berglandschaft mit Kirche, München, Lenbachhaus
  • 1910: Aquarell ohne Titel, dacks als éischt abstrakt Bild genannt; ass awer éischter eréischt 1913 entstanen (Datierung kontrovers), Musée National d'Art Moderne, Centre Pompidou, Paris Foto
  • 1910: Improvisation 9, Stuttgart, Staatsgalerie
  • 1911: Romantische Landschaft, München, Lenbachhaus
  • 1911: Das jüngste Gericht/Komposition V, Privatbesitz Abb.
  • 1913: Landschaft mit Kirche, Essen Museum Folkwang
  • 1913: Improvisation Sintflut
  • 1919: Le Gris Dance, Paris, Louvre, sale XI
  • 1921: Roter Fleck II, München, Lenbachhaus
  • 1923: Durchgehender Strich, Düsseldorf, Kunstsammlung Nordrhein-Westfalen,
  • 1928: Inszenierung von Modest Mussorgskys Bilder einer Ausstellung am Dessauer Theater
  • 1928: Composition, Villeneuve-d'Ascq, LaM
  • 1934: Zarter Aufstieg, New York, The Solomon R. Guggenheim Museum

Déi gréisste Sammlung (eng 150 Stéck) vum Kandinsky senge Biller sinn am Guggenheim-Museum New York.

Schrëften[änneren | Quelltext änneren]

  • Wassily Kandinsky: Über das Geistige in der Kunst. Insbesondere in der Malerei. Originaleditioun 1912. Revidéiert Neioplo, Benteli Verlag, Bern 2004, ISBN 3-7165-1326-1
  • Wassily Kandinsky: Punkt und Linie zu Fläche. Beitrag zur Analyse der malerischen Elemente. 8. Oplo, Benteli, Bern 2002, ISBN 3-7165-0182-4
  • Wassily Kandinsky/Franz Marc: Der Blaue Reiter. Piper Verlag, München 2004, ISBN 3-492-24121-2 (kompletten Originaltext mat alle Biller an enger Annex mat Dokumenter)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ulrike Becks-Malorny: Kandinsky. Taschen, Köln 2008, ISBN 978-3-8228-3538-8.
  • Hajo Düchting: Wassily Kandinsky 1866–1944: Revolution der Malerei. Taschen, 14., unveränd. Neuaufl, Köln 2008, ISBN 978-3-8228-6360-2.
  • Harwig Fischer, Sean Rainbird (Hrsg.): Kandinsky. Malerei 1908–1921. Kunstmuseum Basel, Basel 2006, ISBN 978-3-7757-1855-4.
  • Norbert Göttler: Der Blaue Reiter. Rowohlt, Reinbek 2008, ISBN 978-3-499-50607-9.
  • Thomas Krens (Vorwort): Rendezvous. Masterpieces from the Centre Georges Pompidou and the Guggenheim Museums. Guggenheim Museum Publications, New York 1998, ISBN 0-89207-213-X

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wassily Kandinsky – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Kënschtler huet selwer déi franséisch Transskriptioun vu sengem russeschen Numm gewielt; no eisen Transkriptiounsregele wier et Wassili Kandinski